
Am Dezember zejoert ware 15.760 Persoune bei der ADEM ageschriwwen. Dat sinn der 643 respektiv 3,9 Prozent manner ewéi nach Enn 2021. Op ee Joer gekuckt, war virun allem d’Zuel vun de Leit, déi méi laang ewéi 12 Méint am Chômage waren, erofgaangen.
Wann een d’Zuele vum Dezember zejoert mat deene vum November vergläicht, constatéiert een allerdéngs eng Hausse vun 1.138 Persoune respektiv 7,8 Prozent. De Gros dovunner si Persounen iwwer 45 Joer.
Op ee Joer gekuckt, ass och d’Zuel vun de Persounen, déi sech nei bei der ADEM ageschriwwen hunn, erofgaangen. Am Dezember zejoert hate sech 2.182 Residente bei der ADEM ageschriwwen. Dat waren der 78 manner ewéi nach am Dezember 2021. Iwwerdeems hate sech am leschte Mount zejoert 87 Mënschen, déi aus der Ukrain op Lëtzebuerg komm sinn, ageschriwwen.