
Den Tribunal administratif huet nämlech e Recours vun deem Mann als justifizéiert ugesinn an eng Decisioun vum Etienne Schneider vu September 2017 annuléiert. D'Affär muss bei deem säin Nofolger zréckgoen.
Am September 2014 gouf de Chef vum Etat-Major vun der Arméi doriwwer informéiert, dass e Sous-lieutenant seng Offizéieschformatioun an der Belsch net gepackt hätt. Deeselwechte Mount gouf de Generol vun der Arméi gebieden, beim Minister z'intervenéieren, fir dass dem Mann sengem Stage en Enn sollt gesat ginn. Den Etienne Schneider huet dem Mann am Oktober matgedeelt, dass hien net kéint an der Arméi gehale ginn.
Am Januar 2015 goung de Mann dowéinst op d'Verwaltungsgeriicht, dat dem Verfassungsgeriicht am Oktober eng Question préjudicielle an dëser Affär gestallt huet. Am Mäerz 2016 huet d'Cour constitutionnelle decidéiert, dass en Artikel vum Gesetz iwwert d'Arméiorganisatioun net konform wär zu zwee Artikele vun der Verfassung, well näischt Prezises iwwert e Stage vun Offizéier do drastéing. Dofir hat den Tribunal administratif am Februar 2017 dem Minister seng Decisioun annuléiert, dass de Mann net kéint an der Arméi gehale ginn. Am Juni hat d'Cour administrative dat Uerteel confirméiert.
Den Etienne Schneider hat dem Mann dunn am September e Bréif geschéckt, an deem stoung, dass säi Stage zweemol verlängert gi wär, am September 2014 awer ausgelaf wär. Dowéinst goung de Mann am November 2017 nees op d'Verwaltungsgeriicht. Deem seng 1. Riichter hale fest, dass de Minister op Grond vun de viregten Uerteeler eng nei Decisioun ze huelen an de Mann e kloren Intressi hat, fir d'Legalitéit vun de Ministeschdecisioune préiwen ze loossen. Den Etienne Schneider wär an der Flicht gewiescht, eng Decisioun op Basis vu Gesetzer oder Reglementer ze huelen, an e Recours dogéint méiglech, ebe fir d'Legalitéit ze préiwen, z.B. vun engem Echec an der Beruffsausbildung.
Well de Minister keng gesetzlech oder reglementaresch Basis uginn hätt, wär seng widderhollen Decisioun z'annuléieren, dass de Mann déi Formatioun net gepackt hätt. Op Grond vum Verhale vun der Regierung an dëser Affär hätt de Mann och eng Indemnité de procédure vu 1.500 € zegutt.