Schwéieren Aarbechtsaccident zu MäertertOp engem Schantje sinn 2 Aarbechter ënner eng Walz komm

RTL Lëtzebuerg
Beim Ausbau vun engem Parking sinn en Donneschdeg de Moie géint 9.30 Auer 2 Aarbechter ënner eng Walz komm, déi hannerrécks gefuer ass.

Deen ee gouf vum Gefier iwwerfuer, deen anere gouf tëscht der Walz an enger Schubkar ageklemmt. Den zweete Mann gouf mat engem hydrauleschen Apparat rausgeholl.

De Chauffer vun der Walz gouf net blesséiert.

Op der Plaz waren den Asazzenter Maacher-Mäertert, den CIS Lënster, de Stater Samu, d'Police vu Maacher a Vertrieder vun der ITM.

Back to Top
CIM LOGO