
Um spéide Sonndeg den Owend wier géint 22.45 Auer en Defibrillator beim Parking muttwëlleg zerstéiert ginn. Defibrillatore ginn ënner anerem bei Häerzrhythmusstéierungen agesat a kënnen a geféierlechen Noutfäll Liewe retten.
Vun der Gemeng ass et dowéinst den Opruff, sech bei der Police Dikrech ënnert der Nummer 24 48 01 00 0 ze mellen, wann een Informatiounen huet, déi zu der Opklärung vun der “mënscheveruechtender Aktioun” bäidroe kéinten.
E Sonndeg war zu Dikrech nees déi traditionell Kavalkad gefeiert ginn. Eng 20.000 Fuesgecken zéien do am Schnëtt all Joers duerch d’Stroossen.