Rou fir d'Réi, Stress fir d'SchwäinOp verschidden Déieren däerf méi laang Juegd gemaach ginn

Marc Hoscheid
D'Haapt-Juegdsaison ass zanter dem 18. Dezember eriwwer. Dat heescht awer net, datt et an de Bëscher vun elo u ganz roueg ass.

Bis den 31. Januar ass et nämlech nach erlaabt, Dreifjuegd op Wëllschwäin, Muffelen an Dammwëld mat Hëllef vun Hënn ze maachen.

Wéi et vun der Naturverwaltung heescht, beschränkt sech d’Juegd awer quasi komplett op Schwäin. Theoretesch wier et iwwregens bal dat ganzt Joer iwwer méiglech, Wëllschwäin ze schéissen, wat awer da meeschtens net via Beweegungsjuegd gemaach gëtt.

Rou huet zanter e Méindeg par Konter d’Réi. De Routhirsch bleift weiderhi vum Usetz aus ze bejoen.

Op www.geoportail.lu gesäit een, wéini wou Klappjuegde sinn

Back to Top
CIM LOGO