
Am beschte Fall kënnt den Dampmelder zwar ni an den Asaz, mee am Fall vun engem Feier kann dësen einfache Gadget engem d’Liewe retten. Ma, fir datt de Feiermelder och wierklech gutt funktionéiert, muss ee beim Montage op e puer Saachen oppassen.
Bei engem Feier an der Wunneng ass den Dampmelder meeschtens deen éischten, deen eis warnt an eis wäertvoll Zäit schenkt fir ze reagéieren. An dofir ass et och net vu Muttwëll, datt zanter dem 1. Januar an all Wunneng een hänke muss. Et gi verschidden Zorte vu Feiermelder. Do wieren déi eng, déi direkt un d’Stroumnetz ugeschloss ginn an och ouni Batterie funktionéieren. Déi hunn awer och eng Noutfallbatterie, fir de Fall, datt de Stroum mol ausfale sollt.
Déi meescht Leit hunn awer Dampmelder, déi just mat Batterie ginn. An och hei kann een nach eng Kéier tëscht den Dampmelder mat austauschbare Batterie an Dampmelder mat fest agebaute Batterien ënnerscheeden. Ma egal wéi eng Variant een doheem hänken huet, soll ee se no maximal 10 Joer nees duerch en Neien ersetzen. Dat läit virun allem um Stëbs oder och Fett, wat sech gären do sammelt an d’Funktioun vum Dampmelder negativ beaflosse kann. Déi falsch Batterië kënnen d’Liewensdauer awer nach eng Kéier drastesch erofsetzen. Mee wéi eng sinn dann déi richteg?
Mir hu beim Camille Muller vun Oekotopten nogefrot:
“Vue datt des Apparater relativ wéineg verbrauchen an d’Batterië laang hale kënnen, soll een onbedéngt op eng gutt Qualitéit oppassen a keng bëlleg Produiten huelen, déi ze schnell eidel kënne ginn. Et soll ee sech dobäi streng un d’Spannung vun der Batterie halen, wéi zum Beispill 9 Volt. Och den Hiweis op Alkaline- oder Lithium-Batterie soll ee respektéieren. Huet een de Choix tëscht deenen 2, si Lithium-Batterien awer deen Typ vu Batterie, mat der längster Liewensdauer.”
Wann een déi falsch Batterien dra mécht, kann et mol geschéien, datt den Dampmelder entweder schlecht bis guer net funktionéiert oder e kann esouguer futti goen. A wei gesäit et mat Batterien aus, déi een opluede kann?
“Och wann Batterien, déi een nees opluede kann aus ökologeschen an ekonomesche Grënn prinzipiell ze recommandéiere sinn, soll een deen Typ vu Batterië bei Dampmelder net benotzen. De Grond ass ganz einfach erkläert. Bei “Einwegbatterien” hëlt d’Spannung konstant a lues a lues of. Dat erkennt d’Elektronik vum Dampmelder a mellt mat Zäiten, datt d’Batterie ausgewiesselt muss ginn. Bei opluedbare Batterië fält d’Energiespannung géint de Schluss vun der Liewensdauer awer exponentiell of. Dat heescht, datt duerch dat ëmmer méi schnellt Entlueden ee riskéiere kann. datt den Dampmelder dat ze spéit erkennt an am Fall vun engem Noutfall net méi korrekt funktionéiert.”
Et kënnen awer och Ausname ginn, mee dat steet awer dann explizitt op der Gebrauchsuweisung.
Hei e Guide vun Oekotopte fir all weider Batterien an Akkuen.