
Am Dossier „geheime Casier“ iwwerschloe sech déi politesch Reaktiounen, ausser déi Lénk, déi sech bis ewell nach net zu Wuert gemellt hunn, fuerderen all d'Oppositiounsparteien, dass Transparenz an dësen Dossier kënnt. D'ADR freet d'Asetze vun enger parlamentarescher Enquêtëkommissioun, d'CSV wëllt wëssen, wéi eng Donnéeë stockéiert ginn, an d'Piraten hätte gär, dass d'Regierung endlech hier Responsabilitéit hëlt a kommunizéiert. Wann de Justizminister sech bis elo nach mat Äntwerten zréckgehalen huet, gouf et um Dënschdeg dann awer eng éischt mëndlech Reaktioun vum Policeminister.
D'Oppositioun fuerdert massiv, datt d'Minister elo musse Ried an Äntwert stoen. En neit Gesetz huet déi Policefichieren nei gereegelt, mä virun allem, betount de Gilles Roth vun der CSV, gëllt d'Onscholdsvermuddung. D'Regierung muss elo Transparenz schafen an der Ëffentlechkeet ze soen, wéi eng Donnéeën iwwert déi eenzel Bierger stockéiert sinn. De Marc Goergen vun de Piraten wëll da mat enger neier parlamentarescher Fro wëssen, wéi ee Minister zu wéi engem Zäitpunkt vun de Casiere Bescheed wousst.
Fir de Roy Reding ass et scho bal e Skandal, datt just de Policeminister an net de Justizminister sech zu Wuert gemellt huet. Hei ass skandaléis, datt de Magistraten e Fichier a Situatioune virläit, wou dëse Fichier guer net dierft virleien.
De François Bausch als Funktioun vum Policeminister wëll dësen Dossier bei d'Dateschutzkommissioun weider ginn, fir dat déi d'Gesetz, wat zanter 1992 existéiert, emol genau soll kucken. Donieft soll awer och gekuckt ginn, wou a wéi een d'Gesetz ka veränneren a verbesseren.
D'Deputéiert Mosar a Roth vun der CSV stellen elo weider parlamentaresch Froen un de Policeminister, am Zesummenhang mam Dateschutz. D'Gesetz géing virgesinn, dass eng Kontrollkommissioun misst kucken, wéi d'Police mat Donnéeën iwwer d'Bierger ëmgeet, an déi Rapporte missten dann un d'Chamber weidergoen. Fir 2016 an 2017 géifen dës Rapporten awer feelen, sou d'Deputéiert a froen Explikatiounen vum Minister.