Virun allem technesch Briefinge ronderëm Zuelen. Den Ament si mer nach an der Phas vum ‘Confinement strict’, dem #bleifdoheem, sou de Premier. A bis den 11. Mee wäert do näischt drun änneren.
Xavier Bettel:“Mir hunn éischtens säit e Méindeg ee Secteur, deen opgaangen ass, wou vill Leit nees ënnerwee sinn. Fir eis ass et elo wichteg, den Impakt vun där Ouverture z’analyséieren, ier mer en nächste Schrëtt huelen.”
Den Impakt vu jidder Schrëtt analyséieren, iert deen nächste geholl gëtt. Op Basis vu virop zwou Zuelen: dem deeglechen Infektiounstaux a wéi d’Spidolsbetter beluecht sinn. Dat stéisst bei den Oppositiounsparteien op Kritik.
Martine Hansen, CSV:“Op et ze séier geet oder net séier genuch? Dat ass och fir eis schwéier ze beurteelen. Well mer e ganze Koup Zuelen nach net hunn oder Analysen net hunn. Et sinn Etüde gemaach ginn. Mir wäerten d’Regierung froen, datt mer all déi Etüden, déi am Kader vum Covid-19 do sinn, déi d’Regierung zur Verfügung huet, dat mer déi als Chamber kënne kréien.”
Sven Clement, Piraten: “Mir sinn an enger sanitärer Kris. Do soll ee sech op Evidenz baséiert Politik kënne verloossen. Wann ee sech do nëmmen op zwou Zuelen, déi och ëmmer nëmmen e Snapshot bilden, verléisst, dann ass dat villäicht e bëssche kuerzsiichteg. Mir hätten do scho gehofft ,datt ee sech éischter géif op Projektiounen a Viraussoen hätt kënne baséieren, déi d’Uni an aner Wëssenschaftler gemaach hunn.”
Marc Baum, déi Lenk: “Mir ginn dat Gefill net lass, datt mer hinnen all Fiedem aus der Nues mussen zéien. Dat anert ass, wéi komme mer elo eraus aus der Kris? Och do ass ugekënnegt ginn, datt d’Chamber ganz enk géif mat agebonne ginn. Eng éischt Reunioun huet stattfonnt. Ouni Deputéiert. Just op Verwaltungsniveau.”
Den LSAP Fraktiounschef brécht dogéint eng Lanz fir d’Regierung.
Georges Engel, LSAP: “Dat hei ass eng Ausnamesituatioun. Souwuel fir d’Chamber, wéi och d’Regierung. Se musse kucken, déi Zuelen zesummen ze kréien, esou séier wei méiglech. An och dann nach déi richteg Schlëss dorausser ze zéien. Dat ass keen einfachen Exercice. Ech kann och verstoen, datt engem dat net séier genuch geet. Dat een dann op Material vun Zuele waart. Dat ass nun emol awer sou séier net ëmmer méiglech. Ech mengen, d’Regierung mécht hei eng ganz ganz gutt Aarbecht.”
Fakt ass: ee sougenannt “Covid-Gesetz” soll ausgeschafft ginn. Do solle Moossnamen iwwert den Etat de Crise, deen Enn Juni ausleeft, verlängert ginn. Wat fir eng? Do taaschten och d’Deputéiert den Ament am Däischteren.
Marc Baum, déi Lénk:“Do kann ee sech just derzou äusseren, wann een déi Oplëschtung huet, wéi eng Reglementer solle verlängert ginn. Iwwert den Zäitpunkt vum Etat de Crise eraus. Virdru kann een dozou näischt soen, a virdru kann een och net soen, d’Chamber wier mat agebonnen.”
Fernand Kartheiser, ADR: “Mir hunn e puer Iddie mat an d’Diskussioun bruecht. Zum Beispill e permanente Kontroll vun der Proportionalitéit vun de Moossnamen iwwer d’Cour constitutionelle. Mir musse Garantien hunn. Well wa mer elo hi ginn, an de Leit hir Fräiheeten aschränken, wat mir u sech net wëllen, dat muss eng extrem Necessitéit sinn, an nëmmen dann ass et iwwerhaapt envisagabel. Da musse mer op der anerer Säit Kontrollmechanismen aféieren, fir datt jidderee seng konstitutionell Rechter zu all Abléck kann akloen.”
Den Impakt vun der Kris op d’Gesellschaft ass en Aspekt, deen ëmmer méi beweegt.
Martine Hansen, CSV:“Wat eis freet, ech hat et e leschte Freideg ugeschwat an der Chamber, ass, datt déi eeler Leit, déi kee Besuch däerfe kréien, dat do d’Ministesch amgaangen ass ze kucken, fir Mesuren auszeschaffen, datt dat erëm erlaabt gëtt.”Josée Lorsché, déi Gréng: “Wa Leit immens laang isoléiert sinn, wat bréngt dat laangfristeg mat sech? Wéi eng Mmntal Problemer stinn do hannendrun? Dat sinn och Risiken, déi ee muss a Betruecht zéien. Mir mengen, datt ee wuel der Virologie muss gleewen. All deenen Etüden, déi um wëssenschaftleche Niveau virleien, muss een natierlech och Gewiicht ginn. Mä mir mussen och kucken, wat dee Virus mat eiser Gesellschaft mécht. Och mat eiser Ekonomie. Quitt, datt d’Gesondheet ëmmer muss am Mëttelpunkt stoen.”
Den Debat am Parlament, ass lancéiert. Um 54. Dag an der Covid-19-Kris hei zu Lëtzebuerg.
