HëllefOppositiounsdeputéiert iwwer déi humanitär Situatioun am Afghanistan

Pierre Jans
D'Lëtzebuerger Regierung hat e Mëttwoch matgedeelt, datt ee mat der humanitärer Hëllef am Afghanistan weiderfiert.
Humanitär Hëllef am Afghanistan
D'Lëtzebuerger Regierung fiert mat der humanitärer Hëllef am Afghanistan weider.

Iwwer 18 Millioune Mënsche sinn am Afghanistan an Nout. Bal 2/3 vun der Populatioun lieft ënnert der Aarmutsgrenz, iwwer 3 Millioune Kanner sinn ënnererniert.

Schonn zanter Jore schafft Lëtzebuerg mat Partner wéi dem Internationalen roude Kräiz a mam UN-Flüchtlingswierk zesummen, ma grad elo, wou d'Taliban d'Muecht am Land iwwerholl hunn, hält de Lëtzebuerger Staat drop, dass d'Hëllef virugeet. Ronn 2,3 Milliounen Euro ginn dëst Joer an d'Krisegebitt investéiert. De Franz Fayot huet erkläert, dass d'Situatioun nach méi schwiereg wäert ginn, wat d'Sécurité alimentaire ugeet. Och awer am Beräich vun der Sanitärer- an der Flüchtlingskris wäert een op weider Problemer stoussen.

Tëscht 2001 an 2020 sinn am Ganzen 48 Milliounen Euro vun der Lëtzebuerger Kooperatioun un den Afghanistan gaangen. D'Lëtzebuerger Regierung wäert déi finanziell Hëllef fir humanitär Zwecker am Afghanistan net stoppen, ewéi Däitschland dat decidéiert huet. De Kooperatiounsministère wëll awer préiwen, ob d'Projeten, déi ënnerstëtzt ginn, an dësem neie Kontext iwwerhaapt nach kënne weiderlafen ewéi bis ewell.

Deputéiert iwwer humanitär Hëllef am Afghanistan

Den aussepolitesche Spriecher vun der CSV Claude Wiseler ënnerstëtzt déi Positioun. Dee vun der ADR géif d'Aiden ënnerbriechen. De Fernand Kartheiser stellt net a Fro, dass d'humanitär Hëllef am Afghanistan batter néideg ass. De Risk wär awer, elo wou d'Taliban d'Soen hunn, ze grouss, dass d'Suen net op der richteger Plaz ukéimen.

Den ADR-Deputéierten: "Mir géingen elo emol eng Paus maachen, bis dat gekläert ass. Duerno muss een awer nees séier deene Leit hëllefen, déi humanitär Ënnerstëtzung brauchen. Einfach Sue schécken a Kanäl, wou mir net wëssen, dass se op der richteger Plaz ukommen, dat kënne mir net maachen."

D'Nathalie Oberweis vun déi Lénk gesäit dat anescht. Fir si dierften d'Hëllefen op kee Fall gestoppt ginn, wéi d'Deputéiert schrëftlech matdeelt.

Den CSV-Deputéierte Claude Wiseler argumentéiert mat Nuancen: "Et ass logesch, dass een d'Leit nach weider ënnerstëtzt. Et ass awer och evident, dass e Monitoring muss gemaach ginn, ob déi Sue richteg ukommen. Da muss de geneeë Suivi gemaach ginn. Ech weess och net, wéi laang déi Organisatiounen nach do schaffe kënnen. D'Situatioun ass esou geféierlech, dass dat duerchaus séier zu engem Problem ka ginn."

Der brittescher BBC leien effektiv intern Pabeiere vun de Vereenten Natiounen vir, aus deenen ervirgeet, dass d'Taliban d'Juegd op Kollaborateuren ugefaangen hunn. Op déi Leit also, déi fir déi westlech Institutioune geschafft hunn. An enger éischter Tranche wëll Lëtzebuerg 12 betraffe Mënschen ophuelen, wéi den Ausseminister Jean Asselborn sot. Et wier eng moralesch Verflichtung par Rapport zu deene Persounen am Afghanistan, déi der EU an der Nato an de leschte Jore gehollef hätten, seet de Minister.

De Claude Wiseler gëtt him Recht: "Et ass sënnvoll, dass een déi Leit evakuéiert, déi soss dohannen dem Doud ausgeliwwert sinn oder op d'mannst enger uerger Gefor."

Dem CSV-Deputéierten no missten och déi Afghane protegéiert ginn, déi sech fir d'Mënscherechter asetzen, deemno déi westlech Wäerter vertratt hunn.

Jo, seet de Fernand Kartheiser vun der ADR, mä net hei an Europa: "Et sinn eng ganz Rei europäesch Ministeren, déi Sécherheetszonen an der Regioun schafe wëllen. Ronderëm Afghanistan. Do kéinten dann all déi Leit, déi menacéiert sinn, ënnert beschtméigleche Konditiounen opzehuelen."

Dem konservative Politiker no misst een alles maachen, fir "eng nei grouss Flüchtlingswell an Europa ze verhënneren."

Back to Top
CIM LOGO