
Déi Ausso vum Jean Asselborn e Méindeg begréisst d’CSV, ass fir déi Lénk awer ze vag, iwwerdeems fir d’adr ze vill gemaach gëtt. Den CSV-Deputéierte Paul Galles sot am RTL-Interview, et misst een och d’Situatioun vun Afghanen, déi net am Afghanistan, mee zum Beispill am Iran gelieft hunn, genee ënnert d’Lupp huelen, well si och do dacks net gutt behandelt géinge ginn. Den zoustännege Minister Asselborn hat e Méindeg de Bilan vun der Asyl- an Immigratiounspolitik gezunn. De Paul Galles huet dobäi awer d’Thema Frontex vermësst - d’Grenzschutzagence vun der EU stoung zejoert an der Kritik wéinst Reprochen, datt Mënschen illegal zréckgedréckt ginn.
RTL-News: Immigratiouns- an Asylpolitik - Déi meeschte Flüchtlinge kommen aus Afghanistan, Syrien an Eritrea "Déi Kritik, déi ebbt jo net of, et ass jo net, dass dat elo alles an der Rei wier, Frontex huet jo selwer e Rapport virgeluecht, deen awer net zefriddestellend war. Dat heescht mir hätte gär, dass de Ministère, zesumme mat alle Ministeren an der EU, mam Conseil eben en Aen drop behält, datt Frontex gutt fonctionéiert an datt Mënsche wéi Mënsche behandelt ginn, souguer wa se an dramatesche Situatioune sinn, vläicht souguer an irreguläre Situatiounen, Mënsche mussen ëmmer wéi Mënsche behandelt ginn, a Frontex ass do eigentlech en Aushängeschëld vun der Europäescher Unioun an eise Wäerter an den Ament schéngt et dat net ze sinn.”
D’CSV wier dofir, datt uechter d’Land méi Foyere fir Flüchtlingen op ginn - et misst de Gemenge sou einfach wéi méiglech gemaach ginn, sou de Paul Galles, hie wier sech sécher datt ganz vill Gemengen a Bierger zu Lëtzebuerg dofir wiere Leit an Nout ze hëllefen. An den Ae vun der déi Lénk-Deputéierter Nathalie Oberweis gëtt den Accueil vu Flüchtlingen ze vill als Problem duergestallt.
“Déi Fro dierft guer net problematiséiert ginn. De Moien huet nees een an der Kommissioun gesot “jo bei eis an der Gemeng ass dat iwwerhaapt kee Problem”. Mee esou eng Ausso dierft iwwerhaapt emol net sinn. Dat dierft iwwerhaapt mol net esou gesi ginn. Ech fannen et misst einfach eng Fro sinn, déi einfach national gehandelt gëtt, wou einfach all Gemeng misst Quoteméisseg esou vill Leit ophuelen a fäerdeg, dat dierft eigentlech guer keng Fro sinn.”
D’Nathalie Oberweis versteet iwwerdeems net, firwat Leit aus dem Afghanistan net systematesch eng “Protectioun subsidiaire” kréien, wa si net als Flüchtling unerkannt ginn, also e Schutz well d’Gefor fir hir Sécherheet am Heemechtsland ze grouss ass.
Ganz anescht gesäit dat den adr-Deputéierte Fernand Kartheiser - Lëtzebuerg bréicht eng aner Asyl-Politik, da géingen och vill manner Strukture gebraucht ginn.
“Wat ee muss gesinn, an den Här Asselborn huet dat betount, hie war houfreg drop, datt Lëtzebuerg weltwäit eent vun deenen eenzegen, wann net dat eenzegt Land ass, dat keen zréckschéckt an den Afghanistan. Ech mengen et kann ee wuel der Meenung sinn, datt een eleng Recht huet, mee warscheinlech hu mer net eleng Recht. Mir musse kucke wéi sech dat verhält am Kader vum internationale Recht an och an der Praxis vun deenen anere Staaten. Dat do ass natierlech eng Situatioun, déi kann dozou féieren, datt vill Leit op Lëtzebuerg komme well se da wëssen, datt se hei kënne bleiwen an dat ass natierlech keng gënschteg Situatioun fir eist Land.”
Lëtzebuerg huet zanter 2015 eng eenzeg Persoun an den Afghanistan zréck geschéckt, hat de Jean Asselborn gëschter betount. Aner EU-Länner hunn dat iert d’Taliban nees d’Muecht iwwerholl hunn zum Deel gemaach, allerdéngs gesäit dat zanter dem 15. August anescht aus... dem Ausseministère wier keen EU-Memberstaat bekannt, dee momentan an den Afghanistan rapatriéiere géing, heescht et op Nofro.