Den Dram, d'Äerd eng Kéier vun uewen ze gesinnOpruff fir "Astronaut fir een Dag"

RTL Lëtzebuerg
Als Kand dreemen der vill dovun, Astronaut ze ginn. Jonker am Alter tëscht 13 an 18 Joer sollen elo d'Geleeënheet kréien, Astronaut fir een Dag ze ginn.
Opruff fir "Astronaut fir een Dag"
D’Lëtzebuerger Weltraumagence gëtt et elo zanter 5 Joer. An deem Kader gëtt den Astronaut fir een Dag organiséiert.

D’Lëtzebuerger Weltraumagence gëtt et elo zanter 5 Joer. An deem Kader gëtt den Astronaut fir een Dag organiséiert. Schüler am Alter tëscht 13 an 18 Joer kënne sech mellen. Ënnert der Konditioun, datt se nach fir d’Schouljoer 2023/24 ageschriwwe sinn. Och Schüler mat spezifesche Besoine kënnen deelhuelen, wann hire Gesondheetszoustand et zouléisst, datt se kënne fléien.

Wéi gëtt een Astronaut fir een Dag?

De 27. an 28. September solle 25 Finalisten un engem Team-Building-Event deelhuelen, mat och engem sougenannten “Gravity Flight”, wou ee wärend e puer Sekonne schwiewe kann.

Insgesamt ginn et 4 Phasen an ee medezineschen Check, deen d’Participantë mussen duerchlafen:

  • An engem 60 Sekonne-Video musse se sech kuerz presentéieren
  • En Test am logeschen Denken (dëse gëtt an Zesummenaarbecht mam Educatiounsministère ausgeschafft)
  • E Sportstest (dëse gëtt an Zesummenaarbecht mam Sportsministère ausgeschafft)
  • En Online-Interview
  • E medezineschen Examen (fir ze kucken, ob jidderee fit ass, fir ze fléien)

Déi éischt Phas leeft vun elo bis ugangs Abrëll. De 17. Abrëll sinn d’Wëssenstester, d’Sportstester den 11. a 16. Mee. D’Phas vun den Interviewen ass tëscht dem 12. a 16. Juni. Déi 25 Finaliste ginn de 7. Juli 2023 bekannt.

Éischte Belsch-Lëtzebuerger Astronaut gëtt elo ausgebilt

Wann ee wëll ESA-Astronaut ginn, muss een en änleche Parcours duerchlafen. De Raphaël Liégois ass ee vun den neien Astronauten, déi d’Selektioun vun der Europäescher Weltraumagence gepackt hunn. De Belsch-Lëtzebuerger wäert déi jonk “Astronauten” am ganze Prozess begleeden an hinnen Tipps ginn, wéi en am RTL-Interview verroden huet.

Raphaël Liégeois, éischten Astronaut mat Lëtzebuerger Pass
Kamera: Didier Weber

Minister oder Astronaut?

Fir de Wirtschaftsminister Franz Fayot geet et ënnert anerem drëm, Jonker fir de Weltraumsecteur zu Lëtzebuerg ze begeeschteren. Vill Jugendlecher géifen dovun dreemen, Astronaut ze ginn, hei hätte se elo d’Geleeënheet e bëssen an deem Beräich Erfarung ze sammelen, esou den Educatiounsminister Claude Meisch. De Sportminister Georges Engel sot, als Astronaut misst ee kee Spëtzesportler sinn, awer eng Grondausdauer hunn.

Minister oder Astronaut
Kamera: Didier Weber

null
RTL News: European Space Agency: Belsch-Lëtzebuerger Raphaël Liégeois gëtt Astronaut

Back to Top
CIM LOGO