Mann hat Malaise wärend ConcertOptrëtt vum Sarah Schwab fréizäiteg ënnerbrach

RTL Lëtzebuerg
No engem medezineschen Noutfall am Public ass de Concert vun der franséischer Sängerin e Samschdegowend zu Munneref ofgebrach ginn.
Asaz Casino Sarah Schwab
© mobile reporter

Beim Concert vum Sarah Schwab am Casino 2000 zu Munneref ass et e Samschdegowend zu engem medezineschen Noutfall komm.

Eng Persoun, déi am Sall war, sot RTL géintiwwer, dass op eemol d'Luuchten am Sall ugemaach gi sinn. Kuerz drop wier no engem Dokter am Public gefrot ginn. De Mann, deen op der Plaz huet misse reaniméiert ginn, wier an de leschte Reie vum Sall gewiescht.

De CGDIS huet RTL confirméiert, datt kuerz virun 22 Auer en Asaz am Casino 2000 war. No knapp enger Stonn, nom Appell wier déi männlech Persoun an d'Spidol transportéiert ginn. Iwwer säi Gesondheetszoustand konnt de CGDIS keng weider Aussoe maachen.

De Concert vum Sarah Schwab gouf nom Virfall net méi weidergefouert.

Back to Top
CIM LOGO