
Bei enger Kontroll an der Uewerkuerer Strooss zu Déifferdeng gouf géint 19.30 Auer en Auto gestoppt. Et huet sech erausgestallt, dass d'Vignette ofgelaf war. Bei der Kontroll ass de Beamten och de Geroch vu Marihuana opgefall. Den Auto gouf duerchsicht an 3,6 Gramm Marihuana fonnt. E Permis hat de Chauffer net.
Op Uerder vum Parquet gouf den Auto sécher gestallt an et gouf protokolléiert.
Zu Maarnech ass enger Patrull géint 19.30 Auer en Auto opgefall, dee seng 4 Winkeren un hat a mat engem Platten op der N7 stoung. En Alkoholtest beim Chauffer war positiv an hie krut e Protokoll.
Um 22.50 Auer krut d'Police en Automobilist gemellt, deen am Zickzack vu Veianen a Richtung Dikrech ënnerwee wier. De Mann konnt kuerz Zäit drop zu Ettelbréck gestoppt ginn. Hien hat däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum. En Test war positiv, den erlaabten Héchstwäert duebel sou héich.
E provisoresche Fuerverbuet gouf ausgestallt.
An Abroch gouf et nach an der Rue Nicolas Goedert um Briddel. En onbekannten Täter war duerch eng Terrassendier an d'Haus erakomm an huet do d'Raim duerchwullt. D'Spueresécherung gouf op d'Plaz geruff.
De CGDIS mellt nach en Accident e Samschdeg de Moie géint 10.45 Auer an der Stad bei der Place de Metz. Do krute sech 2 Autoen ze paken an et gouf ee Blesséierten.