Dës riicht sech un d’Kanner aus de Grondschoulen an un hir Elteren. Zesumme mat engem Guide geet et duerch verschidde Quartiere vun der Haaptstad. Op hirem Wee begéinen d’Kanner esou munch Déieren. An dat dacks op deene kuriéiste Plazen.
Maximal 20 Persoune kënne pro Tour deelhuelen. Informatioune ginn et beim Luxembourg City Tourist Office. D’Toure ginn op Lëtzebuergesch, Däitsch, Englesch a Franséisch organiséiert an dauere ronn zwou Stonnen.
Et kann een nach bis de 16. Abrëll un der Ouschter-Safari deelhuelen.