"Expats" zu LëtzebuergOuschtere wäit ewech vun doheem

Ben Andrews
Nieft den allgemengen Aschränkungen, mat deene mer den Ament alleguer mussen ëmgoen, komme fir d'Expats hei am Land nach e puer weiderer derbäi.
"Expats" zu Lëtzebuerg
Nieft den allgemengen Aschränkungen mat deenen mer den Ament alleguer mussen ëmgoen, kommen fir d'Expats hei am Land nach e puer weiderer derbäi

Zoue Grenzen an e Reesverbuet hënnere si den Ament hir Famill a Frënn an déi Länner besichen ze goen, wou se gebierteg hierkommen.

Grad elo fir d'Ouschterdeeg wäert dat ville schwéierfalen ganz op dës Kontakter ze verzichten.

Den Ben Andrews war fir ons e puer Expats besichen an huet nogefrot, wéi si am Moment mat dëser ongewinnter Situatioun ëmginn.

De Kiran Nambiar, een indeschen Expat dee fir “Foundry Luxembourg” schafft, ass den Ament am Télétravail a verdreift sech seng Fräizäit mat Kachen, Franséisch léieren an Joggen am Park. Ee wichtege Moment vum Dag ass de Kontakt mat senge Léifsten. Obwuel e wäit ewech vun doheem ass, mellt de Kiran sech regelméisseg bei Famill a Frënn. Bal all Dag gesi si sech iwwert Video-Uriff. Eppes wouriwwer sech seng Famill an Indien immens géing freeën. Wäit ewech vun der Heemecht sinn och de Fabio an d'Deborah. Si kommen aus Brasilien an hunn 3 Kanner. De Fabio schafft fir Amazon, aktuell vun doheem aus. Säin Alldag hätt sech doduerch komplett verännert. Elo kann hien tëschenduerch Pausen vun der Aarbecht aleeën a mat de Kanner am Gaart spillen oder ee Tour mam Vëlo maachen. Ma och seng Fra Deborah huet sech missen ëmstellen. Wéi vill aner Mammen, muss si sech dru gewinnen, hir dräi Kanner déi ganz Zäit ronderëm sech ze hunn:

„Mir versichen, ee Mol den Dag eraus an de Bësch ze goen. Eisen Eelste krut vun der Schoul Hausaufgaben. Gëschter konnt hie sengem Proff iwwert ee Video-Uruff all seng Froen stellen. Mir kache vill, si hëllefe mir dobäi. Moies wa se opstinn, froe se, wat et fir de Kaffi gëtt. Wa se fäerdeg sinn, froe se wat et fir d'Mëttegiesse gëtt, an sou geet et virun. Et gëtt also vill giess.“

An esou Zäiten wäit ewech vun doheem ze sinn, ass net einfach. Ma d’Deborah fillt sech duerch all déi agefouert Sécherheetsmesuren sécher zu Lëtzebuerg. “Mee mir haten och keen anere Choix”, esou d’Deborah weider.

Nieft den Expats déi heihinner schaffe kommen, gëtt et och eng grouss international Studente-Communautéit, déi hei op d'Uni geet. D'Eunice, wat aus dem Mexiko kënnt, ass a sengem Studentenheem a Quarantän.

„Ech hu Chance mat méi Studenten an enger Residenz ze wunnen, vill vu menge Matschüler sinn nämlech eleng. Also organiséiere mir online Kaffispausen, wou mir matenee schwätze kënnen. Ee Proff war och esou fein, eng Video-Sessioun mat eis ze maachen, wou da jidderee fir sech geschafft huet.“

D'Gouvernementer ronderëm d'Welt reagéieren op verschidde Manéieren an zu verschiddenen Zäitpunkter. D’Eunice fënnt, dass d’Lëtzebuerger gutt mat der Situatioun ëmginn. An och de Kiran lueft déi Lëtzebuerger Reaktioun an dësen Zäite vun Ongewëssheet.

„Ech hu wierklech e grousst Vertrauen an de System an an d'Aarbecht vun den Autoritéiten. Et ass eng Méiglechkeet fir sech hinzesetzen, säi Liewen ze re-evaluéieren, an nei Saachen ze léieren. Dat motivéiert mech fir weiderzemaachen.“

D'Covid-19 Pandemie betrëfft eis all. Och wa mer eis Familljememberen, déi net am nämmlechten Haus wunne wéi mir, net dierfen treffen, ass et fir vill Leit een Trouscht, dass hir Léifsten net wäit ewech sinn.

Fir vill international Residenten ass dat awer net de Fall. Wéi eis all, bleift och hinnen näischt aneres iwwreg, wéi sech un d'Situatioun unzepassen. Ma wat et méi laang dauert, wat et warscheinlech méi schwéier gëtt.

Back to Top
CIM LOGO