Op d'mannst 1 Joer RetardOuverture vum City-Outlet zu Iechternach op 2025 geréckelt

RTL Lëtzebuerg
Aus dem geplangte City-Outlet zu Iechternach gëtt dëst Joer nach näischt. D'Ouverture, déi fir Fréijoer 2024 geplangt war, gouf elo ëm 1 Joer verréckelt.
Symbolbild: Iechternach
Symbolbild: Iechternach
© RTL

D’DP-Buergermeeschtesch Carole Hartmann huet de Kolleege vum Tageblatt géigeniwwer confirméiert, datt de Projet vum Outlet am Iechternacher Zentrum op d’mannst 1 Joer Retard kritt. D’Ouverture gouf deemno op d’Fréijoer 2025 geréckelt.

Am Stadkär vun der Abtei-Stad soll e sougenannte City-Outlet entstoen, well mat 50 eidele Butteker, méi Gebaier eidel stinn, wéi der besat sinn. 7.000 Metercarré stéingen eidel an eng 40 Marke wieren dorun interesséiert, fir op Iechternach ze kommen, war RTL am Juni d’lescht Joer vun der deemoleger Conseillère Carole Hartmann an dem deemolege Schäffe Ben Scheuer gewuer ginn.

De Projet war am Mäerz 2023 nach vum deemolegen Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler op enger Biergerversammlung presentéiert ginn. Ma no de Gemengewalen hätt ee séier gemierkt, datt een de Stéchdatum vum Fréijoer 2024 net anhale kéint, heescht et aus der Iechternacher Märei.

Back to Top
CIM LOGO