Outlet-Shopping a schwammen am Iechternacher Séi vun e Freideg un
En vue vun de Gemengewalen zu Iechternach stounge sech en Dënschdeg d'DP-Conseillère Carole Hartmann an den LSAP-Schäffe Ben Scheuer am Studio géigeniwwer.
Am idylleschen Iechternach dierft et spannend gi bei de Gemengewalen. D’Parteie louchen déi leschte Kéier enk beieneen. Et gëtt eng schwaarz-rout Koalitioun, déi awer virun e puer Méint hir Majoritéit verluer huet wéinst engem Wiessel vun engem Conseiller vun der CSV bei déi Gréng.
D’DP huet déi lescht Méint ganz sachlech wichteg Projeten an der Gemeng ënnerstëtzt... Am Face-à-Face gouf et tëscht dem aktuelle Schäffe Ben Scheuer (LSAP) an der Conseillère Carole Hartmann (DP) keng grouss Differenzen.
Wien ass Schold drun, datt de Park nom Héichwaasser nach net an der Rei ass?
Iechternach gouf viru bal zwee Joer schwéier vum Héichwaasser getraff. Et gouf grouss Schied, déi haut nach deels net gefléckt sinn. Notamment am Park. Do ware sech d'Invitéeën eens. Datt villes nach net geschitt ass, géif un den zoustännege staatlechen Administratioune leien. D’Gemeng kéint net einfach alles nei maachen, sot den LSAP-Schäffe Ben Scheuer. De Park steet ënnert der Tutelle vum INPA, dem fréiere Sites et Monuments. Et misst een ëmmer Autorisatiounen ufroen. Soss war dat ni e Problem. Elo nom Héichwaasser géif alles iwwerkuckt ginn. Et hätt ee keng Blumme kënne setzen. Zejoert hätt een där zB fir 25’000€ kaf an hätt se net dierfte setzen. Et wär och net gekläert wien dat bezilt, wat vum Kulturministère gefuerdert gëtt. 4 bis 5 Joer kéint dat nach alles daueren.
D’DP-Conseillère Carole Hartmann schwätzt vun enger verpasster Chance fir viru ze maachen. Et géif Ping-Pong gespillt ginn, wie Schold um Retard hätt. Nei Luuchten oder Poubellen hätt ee scho kënnen ufroen.
E "City-Outlet" am Zentrum vun der Stad
Iechternach plangt aktuell e "City-Outlet" am Stadzentrum. 50 Butteker stinn nämlech eidel, méi wéi der besat sinn. Leider géif een dat jo och an anere Stied gesinn. 7’000 Metercarré stinn eidel. 40 Marke wären interesséiert fir op Iechternach ze kommen.
Bis op déi Gréng ënnerstëtzten déi aner Parteien den Outlet-Projet. D’DP pocht drop, datt och déi aktuell Geschäftsleit agebonne ginn. An d’Infrastruktur stëmmt, zum Beispill datt genuch Parkplazen do sinn.
Iechternach brauch nei Parkplazen. 2’500 Parkplaze ginn et der den Ament. Op der fréierer Gare gëtt e Parkhaus gebaut, och soss gi Parkinge vergréissert an en Opfangparking baussent der Stad misst kommen. Iechternach kritt keng Umgeeungsstrooss, mä eng "Entlaaschtungsstrooss", fir datt den Trafic besser duerch d’Stad kënnt. Do lafen d’Aarbechten aktuell.
Den Dauerbrenner “Petite Marquise” dann... do géing ee lues a lues viru kommen. D'Gemeng hätt hir Aufgabe gemaach an eng Variant proposéiert mat Tourismuszenter, Restaurant an Hotel. Hei wier een den Ament am Austausch mam Kulturministère.
Schwammen am Iechternacher Séi
Den Iechternacher Séi gouf och ugeschwat. An de leschte Jore wier hei vill investéiert ginn. E Freiden ass déi offiziell Ouverture fir schwammen ze goen. Jorelaang ass Bulli aus dem Séi geholl ginn, d’Waasserqualitéit ass gutt. D’Pläng sinn och do fir d’Schwamme weider auszebauen an zum Beispill och eng Sand-Plage ze maachen.
Dat ass eng ganz flott Saach um Séi, seet och d’Carole Hartmann. Et misst ee kucken, wéi héich den Undrang ass. D’DP hätt och drop opgepasst, datt e Konzept fir de Parking zum Beispill do wär. Den Accès ass fräi an et ass kee Schwammmeeschter do.
Zu méigleche Koalitiounen wollte weder d'Carole Hartmann nach de Ben Scheuer eppes soen. E Mëttwoch sinn den Yves Wengler (CSV) an de Christophe Origer (déi Gréng) an engem Face-à-Face op der Tëlee.
Gemengewalen 2023 - All d'Kandidaten am Iwwerbléck