MeteoluxOzonwarnungen déi nächsten Deeg

RTL Lëtzebuerg
Fir e Samschdeg a Sonndeg besteet de Risiko vun erhéichten Ozonwäerter am Grand-Duché. Ufank nächster Woch kéint et domadder weidergoen.
© AFP (Archiv)

Dat mellt Meteolux a berifft sech dobäi op de Bulletin vun der Loftqualitéit, deen den Environnement publizéiert huet.

Scho vir e Freideg ware Ozonwäerter tëscht 135 an 155 Mikrogramm pro Kubikmeter gemellt.

Et bleift och um Weekend weider waarm an et gi sech esouguer Temperature vun iwwer 30 Grad Celsius erwaart. De Risiko wäert och hei bestoe bleiwen, datt den Ozonwäert lokal wäert op iwwer 160 Mikrogramm pro Kubikmeter Loft klammen.

Weider heescht et, datt d’Bild am Ufank vun der nächster Woch ganz änlech kéint sinn.

Déi europäesch Virgab fir de Schutz vun der Gesondheet gesäit vir, datt net méi dacks wéi 25 Mol pro Kalennerjoer 120 Mikrogramm pro Kubikmeter wärend enger Period vun 8 Stonnen um Stéck sollen iwwerschratt ginn.

Sollt den Ozon méi laang iwwert de Wäert vun 160 klammen, ass et duerchaus méiglech, datt dëst Repercussioune kéint hunn. Ënner anerem gëtt d’Vitess op den Autobunnen dann op 90 limitéiert.

Back to Top
CIM LOGO