Maniff op der ClairefontainesplazPalästinensesch Communautéit: Stoppt d'Bombardementer

RTL Lëtzebuerg
D'Palästinenser schwätze vun engem Genozid an der Gazasträif, deen et direkt ze stoppe gëllt.
© Didier Weber

Mat deem Message geet déi palästinensesch Communautéit weltwäit op d’Strooss, och zu Lëtzebuerg. E Freideg am Nomëtteg war eng friddlech Demonstratioun op der Clairefontainesplaz an der Stad.

Maniff vu Palästinenser op der Clairefontainesplaz / Reportage Dany Rasqué

D’Demonstranten, haaptsächlech Palästinenser, déi zu Lëtzebuerg liewen, kritiséieren, datt déi israeelesch Reaktioun an hiren Aen iwwerproportionéiert ass. Zënter dem leschte Samschdeg géifen d’Palästinenser an engem Albdram liewen, fir dee si näischt kéinten. Och wann et d’Hamas gewiescht wier, déi virun enger éischter Woch Israel attackéiert hätt, dierft een net e ganzt Vollek dofir bestrofen, seet dëse Mann.

“D’Hamas ass just en Deel vum palästinensesche Vollek, mä net dat ganzt Vollek. Do muss een den Ënnerscheed maachen. Dat dierf een net duerchernee geheien. Mir wëlle Fridden a wëllen net, datt Ziviliste stierwen, op kenger vun deenen zwou Säiten.”

An der Gazasträif géif et awer eng humanitär Kris, well d’Leit keen Accès zu Waasser, Liewensmëttel an Elektresch hätten. Eng jonk Fra huet eis erzielt, datt se net un hir Famill kënnt, well och den Internet net géif funktionéieren. Si hätt keng Anung wéi et hire Schwëstere vun 10 an 12 Joer géif goen an op se iwwerhaapt nach géife liewen. Et wier déi international Communautéit, déi elo séier misst hëllefen, fir d’Bombardementer ze stoppen.

“Ech appelléieren un déi international Communautéit - d’Europäesch Unioun, d’Europäesch Kommissioun, all d’Mënscherechtsorganisatiounen. Mir si Mënsche mat Gefiller. Mir hu Kanner. Déi Leit op der Plaz hu Famillen, mir hu Famillen ëm déi mer eis Suerge maachen, genee wéi d’Israeelien.”

Déi palästinensesch Communautéit fäert, datt et Gaza - ouni international Hëllef - geschwënn net méi gëtt.

“Wa mir näischt maache fir d’Leit, déi do liewen, da verschwënnt Gaza, well se alles bombardéieren.”

Et misst verhënnert ginn, datt all Dag weider Zivilisten duerch Attacke géife stierwen an datt geschwë wuertwiertlech kee Steen méi op deem anere géif leien.

Weider Maniffen um Samschdeg geplangt

Wéinst der Situatioun am Noen Osten sinn e Samschdeg eng Partie Manifestatiounen zu Lëtzebuerg geplangt. Bei der Synagog zu Esch organiséiert déi liberal jüddesch Communautéit e Gedenk-Moment ënnert dem Titel “Stand with Israel”. Et wéilt een den Affer vun der Hamas gedenken an dofir bieden, datt d’Geiselen a Sécherheet bleiwen a séier heem kënnen. Fir d’Manifestatioun wier eng verstäerkte Policepresenz geplangt.

An der Stad ass donieft e Piquet geplangt, beim deem Solidaritéit mat israeeleschen a palestinenseschen Affer soll gewise ginn, organiséiert vum Comité pour une paix juste au Proche Orient. Gefuerdert gëtt d’Protektioun vun Zivilisten an Israel an a Gaza.

D’Affer vu Bombardementer an de palestinenseschen Territoire stinn dann och am Fokus vun der “solidarescher Pyramid” an der Stad vun der ONG “Handicap International”.

Back to Top
CIM LOGO