
Wéi och scho bei anere Geriichtsaffären hat de jonke Mann keen Affekot dobäi, mee wollt sech selwer vertrieden. Selbstsécher ass hie virun d’Riichter getrueden. Et goung ëm véier verschidden Dossieren, déi zesummen an der Sëtzung en Donneschden de Mëtte behandelt goufen.
An enger vun den Affären hat hien de President vu Rosa Lëtzebuerg, den Tom Hecker, menacéiert. Dësen geet op Ufro hin als Travestiekënschtler Tatta Tom a Schoulen a Crèche, fir Opklärungsaarbecht iwwer Sexualitéit a sexuell Orientéierung ze leeschten. An engem Mail hat den Ugekloten him gedreet, dass wann hie sengem Meedche géing seng “Krankheet opschwätzen”, en him géing “den Dreck aus dem Panz” schloen. “Ech wollt net, dass mengem Meedchen erzielt gëtt, dass een alles kann si wat ee wëllt”, probéiert de Mann sech ze rechtfäerdegen. Hie géing seng 5 Joer al Duechter zur Toleranz erzéien, mee et géinge Limitte ginn.
D’Riichterin huet hien drop higewisen, dass den Travestiekënschtler sech jo net géing ongefrot opdrängen, an den Ugekloten hätt kënnen an deem Fall einfach mat de Responsabele vun der Schoul schwätzen. De Mann huet dat hallefhäerzeg agesinn, sech niewebäi entschëllegt, an dem Tom Hecker, deen als Zeie geluede war, Merci gesot, dass e kee Schuedenersatz géing froen.
Enn d’lescht Joer hat den Ugekloten dann e Video an de soziale Medie gedeelt, mat antisemitteschem Contenu. Hie behaapt awer dësen ni gekuckt ze hunn. Wouropper souwuel d’Riichterin, wéi och d’Vertriederin vum Parquet drop higewisen hunn, dass dat net virun enger Strof schützt. Wann een eppes verbreet, hätt een och d’Responsabilitéit fir de Contenu.
An enger anerer Affär Ufank 2023 hat de jonke Mann Polizisten da vernannt. Dat nodeems hien ze vill gedronk hat, a mat an d’Zell, méi spéit och an d’Klinik fir eng Ënnersichung geholl gi war. “Idiot” war do nach eent vun den harmlose Wieder, déi gefall sinn. Ma och d’Famill vun de Beamten huet hie menacéiert an hinnen den Dout gewënscht. 6 Poliziste froen hei Schuedenersatz an Héicht vu jee 350 Euro.
Reliéiert un eng Ausernanersetzung, déi den Ugeklote mat der Police hat, ass dann de véeirten Dossier. E puer Deeg no dëser, huet hien ee Video an de soziale Medie verëffentlecht, an deem hien ënner anerem d’Poliziste beleidegt huet.
D’Vertriederin vum Parquet sot direkt am Ufank vun hirem Requisitoire: “Ech weess net, ob et hei vill dozou ze soe gëtt”. Wéinst sengem rebellesche Verhalen, an dat bis an d’Sëtzung eran, fuerdert si eng Prisongsstrof vun 2 Joer an eng Geldstrof. Si huet nach ugemierkt, dass si net d’Impressioun hätt, dass den Ugekloten e Sursis verdéngt hätt.
D’Urteel gëtt den 20. Dezember gesprach.