Bluddege Virfall virun Disko 2015Parquet freet Status Quo an Affär vu fréiere Policeschüler

RTL Lëtzebuerg
Fir dee Policeschüler, deen am Summer 2015 net vereedegt gi war, soll et am Appellsprozess bei 3 Méint Prisong mat Sursis bleiwen.
© RTL-Archiv

Dat war um Freideg am spéide Moien d'Fuerderung vum Vertrieder vum Parquet général am zweete Prozess ëm eng Kläpperei, am Januar 2015, virun enger Disko an der Stad.

An deem Kontext waren am Mee 2017 um Stater Geriicht 3 Prisongsstrofe gesprach ginn tëscht 3 Méint mat Sursis an engem Joer mat Sursis an ee Fräisproch. Dem net vereedegte Policeschüler war virgehäit ginn, en anere Mann mat engem Messer ugegraff ze hunn.

Affär Policeschüler - Reportage Eric Ewald

"Dat stëmmt net", sot den 30 Joer ale Mann um Freideg. Seng Frëndin an déi vu sengem Brudder hätte vun deenen zwee anere Männer de Wee verspaart kritt. Ee vun deene wär direkt verbal aggressiv ginn an hätt hie mam Kolli geholl, iwwerdeems deen aneren op säi Brudder lassgaange wär. Hie wär dotëscht gaangen, ma säi Kontrahent hätt du sengem Brudder an deen anere Mann him der ginn.

„Déi zwee soen awer, Dir hätt e Messer gehat! Si hunn et och beschriwwen!“, huet d'Presidentin vum Geriicht gemengt, wouropshin de fréiere Policeschüler geäntwert huet: „Ech ka mer dat net erklären!“ Woubäi hien e Messer bei sech gehat hätt.

D'Versioun vun der Géigesäit war eng aner. Déi zwee Bridder wären aggressiv op si duerkomm, sot deen ee Mann, ier den Ugeklote mat engem Messer ausgeholl hätt. Säi Kolleg hätt doropshi geblutt.

„Hutt Dir de Coup mam Messer gesinn?“, wollt d'Riichterin wëssen. „Jo!“, war dem Mann seng Äntwert. D'Messer wär och eréischt no engem Coup op dem Mann säin Aarm aus der Hand gefall. Den zweete Mann huet betount, hien hätt deemools bal en A verluer, wat net z'entschëllege wär.

Der Affekotin vum deemools net vereedegte Policeschüler no hätt d'Kläpperei fir dee katastrophal Konsequenze gehat, obwuel hien Affer gewiescht wär.

D'Me Lisa Wagner huet erkläert, dass de Mann an der Tëschenzäit vereedegt gouf an als Polizist am Süde vum Land schafft.

Wéinst Zweiwelen u senger Schold sollt hie fräigesprach ginn.

An dësem Dossier huet jidderee Feeler gemaach, huet de Vertrieder vum Parquet général fonnt. Hie wär awer gréisstendeels mam 1. Uerteel d'Accord.

Just d'Prisongsstrof vum Mann, deen d'Messer wëll ewechgeschloen hunn, sollt vu 4 Méint mat Sursis op 3 Méint mat Sursis erofgoen. Dee sollt déi selwecht Strof kréie wéi den haitege Polizist, well och fir dee Mann d'Provokatioun sollt zréckbehale ginn.

D'Uerteel gëtt den 2. Abrëll gesprach.

Back to Top
CIM LOGO