
18 Joer Prisong, woubäi et am Ermiesse vun de Riichter léich, ob Sursis gesprach gëtt oder net: Dat war d'Fuerderung vun der Vertriederin vum Parquet, e Mëttwoch den Owend, um Stater Geriicht an enger presuméiert ellener Familljegeschicht.
Engem Papp waren eng Rei Vergewaltegunge vun 3 vu senge Kanner, tëscht August 2006 an Abrëll 2012, virgehäit ginn; zu Déifferdeng, Iwwersiren an op de Philippinne wär et zu de Virfäll komm.
Den 8. Mee gëtt d'Uerteel gesprach.