
Géint 1 Auer ass enger Patrull e Won opgefall, deen am Zickzack iwwert de Boulevard F.D. Roosevelt gesteiert gouf. Den Auto gouf gestoppt an de Chauffer kontrolléiert. Dësen hat däitlech ze vill gedronk an och d'Pabeiere vum Auto waren net an der Rei.
Um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte zu Esch goufe géint 15 Auer Verkéierskontrollen duerchgefouert. Een Automobilist gouf net just mat ze héijer Vitess gemooss a kontrolléiert, hien hat och nach ze vill gedronk.
Zur selwechter Zäit ass zu Sandweiler en Accident an der Rue du Pain gemellt ginn. E Chauffer war do mat sengem Auto an d'Trap vun engem Gebai gerannt, ass awer fortgefuer. Op der Plaz huet d'Police Autosstécker entdeckt an eng Zeie konnt de Beamten d'Plackennummer nennen. Bei der Arrivée un der Wunnaddress vum Flüchtege stoung dësen nieft sengem accidentéierte Gefier. En Alkoholtest war positiv.
Kuerz virdrun war eng Patrull op der A13 op e Won opmierksam ginn, deen am Zickzack op enger Autobunnsopfaart ënnerwee war. Den Automobilist gouf vun der Autobunn erof guidéiert a kontrolléiert. Och hei war Alkohol am Spill.
Géint 4.30 Auer ass de Poliziste bei enger Verkéierskontroll zu Ëlwen en Auto opgefall, deen e puer Mol de Motor opgedréint huet. De Chauffer ass mat héijer Vitess duerch d'Uertschaft gefuer, konnt awer 2 Stroosse méi wäit gestoppt ginn. De Mann hat däitlech ze vill Alkohol konsuméiert.
A sämtleche Fäll war de Permis dono fort.