Taxis-Ambulanzen an KrankentransporterPatientevertriedung: Et feelt u Qualitéitsstandarden

RTL Lëtzebuerg
Keng richteg Formatioun beim Personal, onduerchsichteg Präispolitik a keng direkt Instanz, wou ee sech beschwéiere kann, sinn e puer Problemer vum Secteur.
Problemer bei Taxis-Ambulanzen a Krankentransporter
Zanter Jore géif et Problemer ginn. Et feele Qualitéitsstandarden, vum Personal gëtt keng Formatioun verlaangt a mat der Hygiène klappt et net ëmmer.

Et gëtt keng Instanz, wou ee sech ka beschwéieren an déi och Sanktiounen decidéiert. An de gréisste Problem ass d’Facturatioun, dat heescht, déi ganz ënnerschiddlech an deels ganz héich Präisser. De Montant, deen d’CNS rembourséiert, misst och erhéicht ginn, fuerdert d’Patientevertriedung.

Krankentransport Patientevertriedung / Rep. Carinne Lemmer

Ganz vill Leit géife sech bei hinnen iwwer d’Taxis-Ambulanze bekloen, seet d’ASBL. Iwwer 100 Euro géifen deels fir e puer Kilometer verrechent ginn. Fir eng Reha kritt ee just 20 Krankentransporter accordéiert an do misst een zum Beispill nach d’Hallschent selwer iwwerhuelen, sou datt de Patient ganz vill, deels iwwer 2.000 Euro, aus der eegener Täsch misst bezuelen.

Well déi, déi et seriö maachen, leiden ënnert de schwaarze Schof, seet d’Patientevertriedung. Et misst kloer sinn, wéi eng Qualitéit sou e Krankentransport oder eng Taxi-Ambulanz huet. D’Hygiène misst stëmmen an d’Personal misst eng uerdentlech Formatioun hunn, fuerdert de Georges Clees vun der Patientevertriedung.

2005 hätt ee schonn déi 1. Bréiwer, fir sech ze beschwéieren un d’Ministere geschriwwen. Bis haut wär näischt geschitt. Et soll en Avant-projet an der Maach sinn, mä den Terrain wéisst net, wat virgesi wär a wéini sech eppes ännert, sou d’Patientevertriedung.

Back to Top
CIM LOGO