
Patiente wéilten hirem Dokter kënnen op Aenhéicht begéinen. D'Vertriedung huet an de leschte Wochen och d'Ministeren Etienne a Romain Schneider an hire jeeweileg neie Funktiounen als Gesondheets- a Sozialminister gesinn an hinnen hir Doleancë mat op de Wee ginn.
Ee vun den Haaptpunkten, déi d'Patientevertriedung mam Minister fir d'Sécurité sociale ugeschwat huet, ass dee vum Virage ambulatoire. Leit, déi ambulant operéiert goufen, mussen den Deel vun de Käschte fir d'Medikamenter iwwerhuelen, déi si duerno verschriwwe kréien. Wäre si awer an der Klinik bliwwen, wären d'Medikamenter integral vun der Krankekeess iwwerholl ginn. E weidere Punkt waren Zäittariffer, wéi de President vun der Patientevertriedung, René Pizzaferri erkläert: Si wieren eng besser Garantie, datt d'Leit uerdentlech kënne behandelt ginn.
Beim Gesondheetsminister gouf ënnert anerem d'Thema vun den Ambulanztaxien ugeschwat, erkläert d'Michèle Wennmacher vun der Patientevertriedung. Do géif et nach keng Tarifikatioun ginn. D'Leit géifen deels horrend Rechnunge kréien. An och bei de Gemeinschaftspraxen funktionéiert net alles, wéi et soll. Domadder misste Konditioune verknäppt ginn, sou datt se zum Beispill an der Mëttesstonn ëmmer besat wieren.
Eng Damm, déi bei der Patientevertriedung ugeruff hat, hat dës dorop opmierksam gemaach, dass et keng Lëscht vun Dokteschpraxen zu Lëtzebuerg gëtt, déi mat engem Rollstull accessibel sinn an och adequat sanitär Anlagen hunn. Nodeems déi Verantwortlech realiséiert haten, dass weder si nach iergend eng aner Organisatioun esou eng Lëscht hätt, hu si dem Minister dës Iddi emol mat op de Wee ginn.