Phas 4 vun ImpfcampagnePatientevertriedung mat Reprochë géintiwwer Hausdokteren

Monica Camposeo
Vulnerabel Leit kënne bei hirem Hausdokter mellen, dass se wgl an der Phas 4 op d'Impflëscht geschriwwe ginn, wat Dokteren awer dacks net maachen.
© RTL-Archiv

Wann een als vulnerabel Persoun an d’Phas 4 vun der nationaler Impf-Campagne fält, da kann ee sech jo bei sengem Hausdokter mellen, dass deen een op d’Vaccinatiouns-Lëscht schreift.

Genee dat géif awer, trotz Demande vun de concernéierte Leit, vun Doktesch-Säit aus dacks net gemaach ginn.

Dee Reproche koum en Donneschdeg vun der Patientevertriedung, déi en Appell un d’Doktesch-Associatioun AMMD gemaach huet, fir hire Memberen nach emol ze rappelléieren, dass se déi entspriechend Démarche fir hire Patient musse maachen.

PDF: Schreiwes vun der Patientevertriedung

Back to Top
CIM LOGO