Russesche Grupp SodrugestvoPatrick Santer huet aus Direktiounscomité demissionéiert

Roy Grotz
Claude Zeimetz
De Vizepresident vum Staatsrot Patrick Santer huet aus dem Direktiounscomité vun der internationalem agro-industrielle Grupp Sodrugestvo demissionéiert.
Archivbild vun der Annonce.
Archivbild vun der Annonce.
© MECE

Sodrugestvo ass besonnesch a Russland aktiv a produzéiert ënnert anerem Déierefudder.

Hie wéilt verhënneren, datt de Grupp duerch seng aner Posten eng Publicitéit kritt, déi en net verdéngt hätt, esou de Patrick Santer géintiwwer RTL. Zanter e Méindeg hätt en iwwert seng Funktioun bei Sodrugestvo nogeduecht an d’Entreprise e Mëttwoch iwwert seng Demissioun informéiert. Sodrugestvo ass, dem Patrick Santer no, och an der Ukrain aktiv. D’Installatiounen do wieren zougemaach ginn. Et wier kengem Mataarbechter eppes geschitt.

Am Virfeld

Nieft den Ex-LSAP-Ministere Schneider a Krecké sëtzen nach aner Personnagen aus der Politik an der Diplomatie a russesche Verwaltungsréit.

Vill goung jo zanter dem Optakt vun der russescher Invasioun an der Ukrain rieds iwwert d’sozialistesch Ex-Ministere Jeannot Krecké a Etienne Schneider, déi bei der East West United Bank, respektiv dem Grupp Sistema an de Verwaltungsréit souzen. Iwwert de Weekend hu si no ville Kriticken, ënnert anerem vun der CSV an de jonke Sozialisten, demissionéiert.

Déi zwee fréier Politiker sinn awer net déi eenzeg exposéiert Lëtzebuerger, déi bei enger russescher Entitéit eng Charge am Leadership hunn. Mam aktuelle Vizepresident vum Staatsrot Patrick Santer an dem Ex-Ambassadeur zu Moskau Jean-Claude Knebeler setzen nämlech zwee weider Leit am Direktiounscomité vun enger grousser russescher Entreprise.

D’Häre Santer a Knebeler sinn “onofhängeg” Direktere beim Grupp Sodrugestvo, dee säi Sëtz op der Stater Gare huet.

Wéi et heescht, wiere si Member vum “Board”, mee net am dagdeegleche Management vum Grupp engagéiert. Natierlech awer gi si fir hir Zerwisser fir Sodrugestvo remuneréiert.

Sodrugestvo ass e ganz diversifizéierte Grupp, deen ënnert anerem den Hafen-Installatiounen a Russland, Brasilien an dem Paraguay geréiert an op d’Produktioun vun Déierefudder spezialiséiert ass.

Virun 10 Joer hat den Agro-Alimentairë Grupp, deen iwwer 1.500 Leit fir sech schaffen huet, säi Siège vun Dänemark op Lëtzebuerg transferéiert.

Interessant ze notéieren, datt den deemolege Wirtschaftsminister Etienne Schneider viru genee 10 Joer annoncéiert hat, datt de russesche Grupp op Lëtzebuerg kënnt. Nieft him bei dëser Annonce souz de Jean-Claude Knebeler, deen deemools fir de Ministère geschafft huet.

Archivbild vun der Annonce.
Archivbild vun der Annonce.
© MECE

Back to Top
CIM LOGO