De Beruffsverband vun de Sozialpädagogen ass mat senger Gedold um Enn. 16 Joer lo scho géif een op eng Opwäertung vun de Paien an eng Unerkennung vum Diplom waarden. Duerfir dierfte sech d’Gewerkschaften an den aktuelle Conciliatiounsverhandlungen iwwert de Kollektivvertrag am Fleege- a Sozialsecteur op kee Fall mat engem faule Kompromëss zefridde ginn. Dat sot e Méinden de Moien de President vun der APEG, de Paul Bressler. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
Ee Problem vun den aktuelle Verhandlunge wier wuel, datt d’Budgetsenvelopp déi d’Regierung accordéiert net grouss genuch ass, sou de Paul Bressler. Vläicht misst déi also nogebessert ginn.
D’Streikbereetschaft um Terrain op alle Fall wier do. De Beruffsverband wëll d’Verhandlungen op der Conciliatioun lo mol weider observéieren an dann ënner Ëmstänn seng Membere fir e Streik am Hierscht mobiliséieren.
Den Invité vun der Redaktioun e Méindeg um 10 op 8 war de President vun der APEG.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.