Invité vun der Redaktioun (15. Februar)Paul Gries: "Drock vu Bréissel néideg"

RTL Lëtzebuerg
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 ass de President vum FCPT, der Fédération chrétienne du personnel des transports.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Paul Gries (15. Februar)
Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 ass de President vum FCPT, der Fédération chrétienne du personnel des transports.

Mir si betraff, sot e Mëttwoch de Moien de President vun der FCTP, dem Daachverband vun der Eisebunnsgewerkschaft Syprolux, de Paul Gries, als Reaktioun op d'Zuchaccident en Dënschden an huet an engems de Rettungsasaz gelueft. D'Koordinatioun tëscht de verschiddenen Acteuren op der Onglécksplaz hätt gutt funktionéiert, sou de Gewerkschaftsvertrieder. Iwwert déi genee Ursaach vum Accident wollt de Paul Gries net spekuléieren. Sécher wier bis ewell just, datt de Persounenzuch duerch eng rout Luucht gefuer ass. Firwat ass do keen Alarm ausgeléist ginn? Dem Gewerkschaftler sengen Informatiounen no hätt d'Signal op Halt gestanen an et wär depasséiert ginn. Et géif schonn en Alarm ginn, wann en Zuch duerch rou fiert, ma do misst ee bedenken, datt vun deem Moment wou den Depassement geschitt wier bis dee Moment wou e gesi gi wier, wier dat eng Entscheedung vu Sekonnen. Och wa vun deem engen oder deem aner Maschinist den Alarm gedréckt gi wär, wäre si esou no beienee gewiescht, datt dat mat grousser Wahrscheinlechkeet net vill geännert hätt.

Paul Gries (1)

De Lëtzebuerger Reseau vun den CFL sollt u sech dëst Joer prett si fir de méi performanenten ETCS-Sécherheetssystem.
D'Lëtzebuerger Gefierer wiere praktesch all schonn domadder equipéiert, sou de Paul Gries. De Problem wier, datt d'Nopeschlänner nach net ëmgestallt hätten. D'Sécherheet misst virgoen an dowéinst misst och op europäeschem Niveau méi Drock gemaach ginn, datt dat ugepasst gëtt.

Paul Gries (2)

Fir e kleng Land wéi Lëtzebuerg wier et awer schwiereg Drock op d'Fransousen ze maachen. Duerfir kéint deen Drock héchstens op europäeschem Niveau gemaach ginn.

Invité e Mëttwoch de Moien um 10 op 8 ass de President vum FCPT, der Fédération chrétienne du personnel des transports.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO