Invité vun der Redaktioun (14. Mäerz)Paul Polfer vum Mouvement Écologique

RTL Lëtzebuerg
En Dënschden de Moien um 10 op 8 war de Paul Polfer vum Mouvement Écologique den Invité vun der Redaktioun.
VIDEO: Invité vun der Redaktioun: Paul Polfer (14. Mäerz 2017)
En Dënschden de Moien um 10 op 8 war de Paul Polfer vum Mouvement Écologique den Invité vun der Redaktioun.

D'Klimabündnis Lëtzebuerg: dat sinn zwou ONGen a virun allem 37 Gemengen, déi sech dozou engagéieren op hirem Territoire d'CO2-Emissiounen all 5 Joer ëm 10% ze drécken a parallel och Entwécklungshëllefprojeten am Süde vun der Welt am Beräich vum Klimaschutz z'ënnerstëtzen. Donieft versteet ee sech als Sproochrouer vun de Gemengen. D'Klimabündnis war ganz konkret dru bedeelegt en neien Aspeisetarif fir grouss Photovoltaikanlagen duerchzesetzen, sot eisen Invité vun der Redaktioun en Dënschden de Moien. Zanter datt et de subventionéiere Klimapakt gëtt, hunn d'Memberzuelen am Klimabündnis stagnéiert. De Paul Polfer vum Mouvement écologique gesäit dee Pakt awer net als Konkkurenz.

Et wier een net drop aus muer 105 Gemengen als Member ze hunn, sou de Paul Polfer deen natierlech net traureg driwwer wier no den nächste Gemengewalen am Oktober deen een oder aneren nach opzehuelen. D'Gemenge missten allerdéngs wëssen, datt se e seriöen Engagement aginn.

En Dënschden de Moien um 10 op 8 war de Paul Polfer vum Mouvement Écologique den Invité vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis donneschdes um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
Back to Top
CIM LOGO