“Dir wäert och dës Kéier kënnen op mäin Engagement zielen. Ech wäert alles ginn, fir dës Wale mat Iech ze gewannen”, sou d’Paulette Lenert zu den Delegéierten zu Leideleng.
De Kongresspresident Alex Bodry war iwwerdeems der Meenung, dass ee mat der aktueller Gesondheets- a Vizepremierministesch de richtege Choix getraff hätt: “Du pass zu denger Partei, eng lénk Vollekspartei, déi bis an d’Mëtt an d’Gesellschaft geet. Mir sollen eis op eis konzentréieren an eis op eis Stäerkte besënnen!”
Iwwerdeems hunn d’Sozialiste sech zu Leideleng eestëmmeg op e Programm fir d’Chamberwale gëeenegt. An dësem Zesummenhang goufen et dann och kämpferesch Téin an Direktioun vun deenen anere Parteien.
“Si hätte kënnen en Eenheetskongress ofhalen” sot den Dan Kersch mat Bléck op d’CSV, d’DP an déi Gréng. D’LSAP dogéint hätt e Programm, iwwer deen demokratesch, op allen Niveaue vun der Partei diskutéiert gi wier. 157 Amendementer goufen ugeholl.
E Programm, dee virop op déi jonk an zukünfteg Generatioune setzt fir eng besser Welt vu muer. D’Sozialiste si fir d’Walrecht vu 16 Joer un a wëllen e Steierkredit aféieren, fir déi Jonk um Ufank vun hirer Karriär ze entlaaschten. Fir d’Seniore soll et iwwerdeems e Guichet unique ginn.
Et soll massiv an de soziale Wunnengsbau investéiert ginn. “Eng Wunneng ass kee Finanzproduit, genee hei wäerte mer liwweren”, sou de Co-Partei-President Dan Biancalana.
Fir méi Bildungs- a Chancëgerechtegkeet soll d’Schoul als Zil hunn, all Kand a Jonke beschtméiglech op sengem Wee ze begleeden.
D’Sozialiste bedaueren, datt déi grouss Steierreform mat de Koalitiounspartner net méiglech war, hält nach ëmmer dru fest a proposéiert 18 konkret Mesurë fir méi Steiergerechtegkeet.
D’Aarbechtszäitverkierzung op eng 38-Stonne-Woch mat vollem Lounausgläich an eng Erhéijung vum Mindestloun ëm 100 Euro vu Juni 2024 un. Eng Robbotersteier soll zur Finanzéierung vum Pensiounssystem bäidroen.
“D’LSAP ass net Partei vun de Partikularintressen, mä d’Partei fir all d’Leit. Mir wëllen, datt jidderee Recht huet op e gutt Liewen. Mir wëllen eng gerecht Gesellschaft”, huet d’Co-Parteipresidentin Francine Closener ënnerstrach.
An der Gesondheetspolitik misst een op Realpolitik setzen, am Géigesaz zum Populismus, deen een an de leschte Wochen a Méint vun anere Parteien héieren hätt. De Lëtzebuerger Gesondheetssystem wier staark a qualitativ. Fir e weider ze stäerke misst en och lokal nach méi organiséiert ginn. Ausserdeem misst d’Preventioun verstäerkt ginn. Weiderbildung a besser Aarbechtskonditioune sollen d’Gesondheetsberuffer méi attraktiv maachen.
Mam Escher Gemengeconseiller Sache Pulli hunn d’Sozialiste sech e Sonndeg iwwerdeems op en neie Generaltresorier gëeenegt. Déi fréier Tresorier, d’Monnerecher Lokalpolitikerin Christine Schweich, hat d’Partei jo am Juni verlooss, well si sech net méi mat där hirer Politik identifizéiere konnt.