
D'Kritik soll awer eescht geholl ginn. Esou reagéiert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert op d'Reprochen vun der Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewammen, Nadine Barthel.
Invité vun der Redaktioun mam Nadine BarthelHinne géing net nogelauschtert ginn, well d'Hiewamme keng Lobby hätten. Dat huet d'Presidentin vun der Associatioun vun den Hiewammen d'lescht Woch bei eis um Radio gesot. Op de Reproche, dass d'Hiewamme net op de Gesondheetsdësch invitéiert waren, äntwert d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert:
"Dës Beruffsgrupp war awer representéiert um Dësch duerch de Conseil Supérieur des Professions de Santé. Domadder ass och e Sproochrouer do. D'Suerge vun de Hiewamme sinn awer bekannt am Ministère. D'Thematik ass bekannt an déi gëtt och suivéiert mat vill Interêt."
Et sollen zousätzlech Aarbechtsgruppen aberuff ginn, déi sech da méi spezifesch mat de Besoine vun den Hiewamme beschäftege sollen. Et wéilt een dann och kucken, wat konkret um Terrain gebraucht gëtt, notamment um Niveau vum Personal.
"De Problem ass bekannt an et geet elo dorëm an eng nächst Etappe ze goen, fir wierklech genee kënnen ze kucken, Beruff fir Beruff, wat wou Sënn mécht, wéi een eventuell kann ëmschichten. Mir haten och een Thema um Gesondheetsdësch, dat war och d'Méiglechkeet fir e Glissement vun den Attributioune virzegesinn. Mä fir esou eppes kënnen ze maachen, muss ee fir d'éischt op den Terrain goen an dat steet elo och un. Mir kucken dat elo sou gutt wéi méiglech mat de Restriktiounen, déi den Ament do sinn, ze maachen."
Eng Fuerderung, déi dacks aus de Reie vun den Hiewammen ze héieren ass, ass, dass d'Formatioun hei am Land op de Bachelor-Niveau gehuewe soll ginn. Domadder soll déi héich Verantwortung um Terrain och méi valoriséiert ginn. Och dës Fuerderung wéilt ee sech ukucken, esou d'Ministesch Paulette Lenert. Ma et wier awer nach ze fréi, fir eng Konklusioun ze zéien:
"Dat dote sinn eben déi Thematiken, déi besprach gi sinn. Et muss een de Besoin um Terrain elo nach méi konkret evaluéieren, fir d'Formatioun och kënnen ze adaptéieren. Dat steet op der Agenda, mir sinn eis alleguerten eens an do war och e grousse Konsens."
Et wéilt ee sech an der nächster Zäit bilateral mat den Hiewammen austauschen, fir d'Problemer unzegoen, esou d'Gesondheetsministesch weider.
