A weiderhi mat Ofstand un der Spëtzt vun dësem Ranking zanter dem Ufank vun der Pandemie ass d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert. Op Plazen 2 an 3 sinn den Ausseminister Jean Asselborn an de Premier Xavier Bettel.

Et ass een neie Politiker am Ranking vun den Top 10 mat dobäi an dat ass och de gréisste Gewënner vun dësem Sondage. De Pirat Sven Clement. Hien huet zanter dem leschte Politmonitor am November zejoert 11 Prozentpunkten derbäi gewonnen. Den Tommy Klein vun TNS-Ilres.
“Et fält op, dass de Sven Clement an all de Stammwielerschaften zum Beispill vun de Regierungsparteien an och vun der gréisster Oppositiounspartei seng Gonscht fënnt. Dat heescht, hien huet an allen eng ganz héich Moyenne fonnt an et si virun allem déi eeler Generatiounen, déi him déi beschte Score bréngen an hie ganz positiv evaluéieren. Bei enger CSV-Stammwielerschaft kritt hien zum Beispill den héchste Score mat 68. Dat läit awer virun allem och un enger Kombinatioun vum Profil vun de Wieler, déi e bësse méi al sinn zum Beispill bei enger CSV an déi him hei de beschte Score ginn. Zum Beispill 65+-Wieler ginn him e Score vun 71. Bei de Regierungsparteie kritt hie bei der DP de klengste Score mat 54, awer och bei de Gréngen an der LSAP ass hie mat 62, bzw. 60 nach iwwer der Moyenne.“
Gréisste Verléierer mat 11 Prozentpunkten ass d’Familljeministesch Corinne Cahen. De Premier Xavier Bettel ass zwar nach ëmmer de beléiftsten DP-Politiker, huet am Verglach zu November 2020 allerdéngs 3 Prozentpunkte verluer. De Pierre Gramegna huet dofir awer 2 Punkte gewonnen an de Lex Delles 1 Prozentpunkt bäigeluecht.
An et ass keng Iwwerraschung, d’LSAP-Santésministesch Paulette Lenert ass onënnerbrach un der Spëtzt vum Sympathie- a Kompetenz-Ranking.
“Wat awer iwwerraschend ass, an déi Fro hu mer eis virun engem Joer gestallt, ass, datt d’Paulette Lenert sech och konnt stabiliséieren op dëser Spëtzepositioun an eben net nëmmen ee kuerzfristegen Effekt duerch eng Corona-Pandemie.“
Wann ee sech eleng d’Regierung ukuckt, da stellt ee fest, dass et virun allem eng LSAP ass, déi op ganz villen an och breede Schëllere kann opbauen: D’Santésministesch Paulette Lenert mat (-1) Prozentpunkt par Rapport zum November, den Ausseminister Jean Asselborn mat (+3), de Sozialminister Romain Schneider (-1), d’Inneministesch Taina Bofferding (+1) an de Wirtschaftsminister Franz Fayot (+3).
“Mir hunn all Politiker bis op den Dan Kersch, dee ganz knapp ënnert der Moyenne vun der Sympathie läit, déi sech an dem héchsten Drëttel befannen. Dat heescht, iwwer der Moyenne vun der Sympathie an der Kompetenz mat natierlech och zwee ganz groussen Ausleefer no uewen, dem Paulette Lenert an dem Jean Asselborn, déi mat zu de populäerste Politiker gehéieren, déi mer zu Lëtzebuerg hunn. Dat selwecht gëllt bei der DP, just dass et do ebe manner Leit sinn, manner Schëlleren, op déi dat opgedeelt ass. Do hu mer ee Xavier Bettel, dee genau wéi de Jean Asselborn an d’Paulette Lenert zu de populäerste gehéiert. E Pierre Gramegna, dee virun allem duerch seng Kompetenz z’iwwerzeege weess an e Lex Delles, dee sech och mëttlerweil eropgeschafft huet an do am ieweschten Drëttel befënnt. Bei de Gréngen ass et e bëssen eng aner Situatioun. Do hu mer e Sam Tanson an e François Bausch, déi sou just iwwer béide Moyennë sinn, awer och mat groussem Ofstand och zu den anere grénge Politiker, déi mer am Echantillon evaluéiert hunn.“
Bei de Grénge géing also opfalen, dass just de Vizepremier François Bausch (-1) an d’Justizministesch Sam Tanson (+3) sou just iwwer der Moyenne leien.
“An eiser Lëscht vun evaluéierte Politiker hunn déi Gréng elo net déi Personnagen dran, wéi zum Beispill ee Jean Asselborn, e Paulette Lenert oder ee Xavier Bettel, déi wierklech no vir sprangen an och an d’Ae sprangen, wann et ëm déi populäerste Politiker an dëser Lëscht geet. Do wär et da virun allem eng Fro ze stellen, ob ee sech dann éischter positionéiert mat Sujeten oder ob ee versicht, gewëss Personnagen nach méi an de Virdergrond ze kréien, fir dass een och an enger Campagne op d’Personnagen an op d’Popularitéit vun dëse kann zeréckgräifen.“
35 Politiker goufen am Ganzen am Politmonitor evaluéiert. Wéi gesäit et dann aus bei der gréisster Oppositiounspartei, déi an der Lescht jo notamment mat hirem Wiessel un der Spëtzt vum Frank Engel op de Claude Wiseler fir vill Schlagzeile gesuergt huet?
“D’CSV schéngt de richtege Choix gemaach ze hunn, well si gëtt gedroe vum Claude Wiseler, dee wäit virun allen aneren evaluéierte Politiker an der Lëscht kënnt. Wat d’Sympathie an d’Kompetenz ugeet, do kënnt laang näischt méi nom Claude Wiseler. Och d’Martine Hansen, wat ëm -5 verléiert. Mir hunn och e Serge Wilmes an ee Christophe Hansen zum Beispill, déi eng gewëss jonk Dynamik sollen an déi Partei erabréngen, déi sech awer aktuell och éischter am leschten Drëttel erëmfannen.“
Nei mat derbäi waren déi Kéier den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen an déi nei Deputéiert vun déi Lénk Myriam Cecchetti, déi sech awer am ënneschten Drëttel vun der Skala erëmfannen. Dat léich och un hirer Notorietéit, se wären einfach manner bekannt bei de Leit, sou nach den Tommy Klein vun TNS-Ilres.
De Co-Parteipresident vun de Grénge Meris Sehovic, deen am November fir d’éischt mat derbäi war, huet awer déi Kéier mat 7 Prozentpunkten däitlech zougeluecht.
Fir dëse Sondage goufen 1127 Wieler befrot, déi representativ si fir d’Lëtzebuerger Populatioun. D’Detailer iwwert d’Method an de Questionnaire vun dësem Sondage fannt Dir iwwregens och op Alia.lu