
Fir d'Chiffre vum Joer 2018 muss ee sech bis Mëtt Mäerz gedëllegen, esou de Sozialminister Romain Schneider a senger Äntwert op d'parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo.
Et kann een elo awer scho soen, dass d'Reserve weider geklomm sinn.
Wat de Placement vun deem Geld betrëfft, esou sinn 90% an der SICAV vum Compensatiounsfong placéiert. Déi aner 10% an Aktien vun der « Société nationale d'habitation à bon marché », an engem Lëtzebuerger Immobilie-Portefeuille respektiv a Prêten.
Déi 90%, déi an der SICAV vum Kompensatiounsfong sinn, ginn a Geld-Fongen, Aktien, Obligatiounen, respektiv an net cotéiert Immobilie-Fongen placéiert. Et wëll een do kee Risiko agoen, dowéinst gouf den Invest breet gestreet,
E Rescht-Risiko bleift awer op Grond vun der Evolutioun vun de Marchéen. Zejoert hat déi SICAV effektiv eng Perte vun 2,56%. Et war dat éischt negatiivt Resultat, zënter déi SICAV 2007 lancéiert gouf. Déi hat an all deene Joren ee positive Rendement vun 4,5% d'Joer an der Moyenne.
Déi Perte, déi et 2018 gouf, wier dann och schonn eleng am Mount Januar vun dësem Joer nees opgefaange ginn.