Um Familljenfuerschungsdag zu Hesper konnt ee méi iwwert seng Virfare gewuer ginn. Dat bei der Organisatioun Luxroots, bei där méi wéi 60 Fräiwëlleger iwwert déi lescht Joren eng ganz Datebank zesummegesat hunn.
Wou hu se geschafft? Wou hu se gelieft oder wéi vill Virfaren hunn ech iwwerhaapt? Dës Froe konnt ee vun de Luxroots-Benevolle beäntwert kréien. Zënter 2003 ginn all handschrëftlech Informatiounen, wéi zum Beispill Acte-de-Naissancen a Bestietnis-Annoncë gesammelt an digitaliséiert.
"Mir sinn haut am Stand, fir jidderengem, deen zu Lëtzebuerg seng Grousselteren huet, kënne per Mausklick Virfuere mindestens iwwert 4, wann net souguer bis zu 11 Generatiounen virzeleeën", sou de Georges Eicher, President vun der Luxroots ASBL.
Eppes iwwert seng Famill gewuer ginn a selwer hëllefen, de Stammbam ze vervollstännegen, dat wollt och de Camille Blanc: "Op eemol fënns de raus, wie mat wiem bestuet war, wéini se op d'Welt komm sinn, wéini d'Bestietnis war a wéini se ongeféier gestuerwe sinn. Do hänken ech elo bësse mat den Acte-de-Décèsen, déi sinn nach net all am System."
Den Ament fënnt een an der Datebank awer just Persoune vu 1600 bis 1920. Dat aus guddem Grond, erkläert de Georges Eicher: "Gemiess der Lëtzebuerger Gesetzgebung sinn d'Akte vun de leschten 100 Joer alleguerten zou wéinst der Protection des données. Mir erméiglechen eisen Abonenten awer, hir rezent Famill un d'Wuerzele vun hire Virfaren unzehänken."
Zil vu Luxroots ass et, Familljefuerscher mat hirer Datebank ënnert d'Äerm ze gräifen, awer och Privatpersounen e Bléck an d'Vergaangenheet z'erméiglechen.