
E Mëttwoch géint 17 Auer koum et um CR130 tëscht Buerglënster an Allënster zu engem Accident, bei deem de Chauffeur d'Kontroll iwwert seng Camionnette verluer huet, e Bam gesträift huet a schlussendlech an engem Rampli un d'Stoe koum. Spéider gouf en Alkoholtest gemaach, dee positiv ausgefall war. De Mann krut nach op der Plaz de Permis ofgeholl an e provisorescht Fuerverbuet.
Dat gouf an der Nuecht op en Donneschdeg, géint 1.40 Auer op der N31 tëscht Beetebuerg an Diddeleng en Auto vun der Police ugehalen, dee Schlaangelinne gefuer ass. D'Fra, déi däitlech ze vill gedronk hat, huet dann och e positiven Alkoholtest hannerlooss, sou dass och hei de Führerschäi fort war an e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat gouf.