Police kontrolléiert TuningtreffenPermisen agezunn, Ween ofgeschleeft an zeréck an de Kontroll geschéckt

RTL Lëtzebuerg
Zu Conter hate sech d'Fans vun Tuning-Autoe mat hire Ween getraff, d'Police huet dëse Meeting awer ënnerbrach.

Géint 22 Auer goufen der Police vill Gefierer zu Conter gemellt, déi hei op enger Bensinnsstatioun an op anere Parkinge sech getraff a geféierlech Manöver duerchgefouert hunn. Op der Plaz konnten d’Beamten iwwer 200 Ween zielen an et gouf decidéiert, fir Verkéierskontrollen duerchzeféieren.

Dobäi goufen zwee Permisen agezunn, well d’Automobilisten däitlech ze séier ënnerwee waren. An zwee Fäll goufen d’Besëtzer doriwwer informéiert, datt hir Ween nach eng Kéier mussen duerch déi technesch Kontroll an d’Autoe goufen och ofgeschleeft.

Weider goufen nach 11 méi kleng Verstéiss festgestallt: Ënner anerem hunn d’Luuchten, déi d’Placke beliichten, net funktionéiert, et gouf geféierlech Fuermanöver gemaach oder d’Pneuen duerchdréine gelooss. Heivir waren all Kéiers 49 Euro ze bezuelen.

149 Euro an zwee Punkten dogéint hunn déi Chauffere misste bezuele respektiv ofginn, deenen hir Modifikatiounen um Auto net alleguerten an de Pabeieren néiergeschriwwe waren.

Eréischt e Mëttwoch gouf en änlecht Treffen zu Leideleng ofgehalen, wou d’Police Kontrolle gemaach huet an an der Nuecht op e Méindeg hunn “Drifter” d’Stroossen am Grand-Duché onsécher gemaach.

Da mellt d’Police nach géint 18.30 e Freideg en Accident am Rond-point Iergäertchen. Zwee Ween krute sech hei ze paken an eng Persoun gouf um Aarm blesséiert. Bei engem vun den Automobiliste war den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn, déi blesséiert Persoun koum an d’Spidol.

An um Boulevard Royale an der Stad gouf kuerz no 23 Auer en Auto gestoppt, well de Chauffer ze séier ënnerwee war a seng Pneuen duerchdréine gelooss hat. Och an dësem Fall war den Automobilist alkoholiséiert an huet de Permis bei de Beamten dierfte loossen. Well och d’Versécherung vum Mann ofgelaf war, gouf de Won ofgeschleeft an de Mann protokolléiert.

Weider war zu Stroossen eng Fra mam Auto ënnerwee, déi Schlaangelinne gefuer ass. Och bei hir war den Alkoholtest positiv. Wéi d’Beamten de Permis anzéie wollten, gouf festgestallt, datt d’Fra schonn e Fuerverbuet géint sech hat. Dowéinst gouf hiert Gefier immobiliséiert an si gouf protokolléiert. Méi spéit an der Nuecht gouf dann nach e weidere Permis um Cents agezunn, och nees wéinst Alkohol um Steier.

Back to Top
CIM LOGO