Si waren ënnert anerem zu Luerenzweiler an zu Conter mat hiren Drift-Passagen opgefall. Begleet goufe se vun enger ganzer Partie Fans, déi se gefilmt hunn.

Vu verschiddene Säite krute mer Videoe geschéckt, déi weise wéi Autoe mat englesche Placken uechter Lëtzebuerg ënnerwee waren, an déi eng oder aner Streck, respektiv Rond-pointe benotzt hunn, fir hir Drift-Fäegkeeten ënner Beweis ze stellen. Déi Videoen zirkuléieren och op de soziale Reseauen, op Kanäl, déi fir jiddereen ëffentlech siichtbar sinn a monter gedeelt ginn.

Erkennen deet een, dass se z.B. beim Rond-point zu Luerenzweiler hire "Spaass" haten, an do dann och e sëllegen Zuschauer ugezunn hunn, déi deels ganz geféierlech do stoungen. Déi sinn dann och iwwert de Rond-point gelaf, fir vu bannen ze kucken, respektiv ze filmen, wat d'Drifter hinne fir eng Show gebueden hunn. Anerer stoungen uewe bei der Pompelstatioun an hu vun do gekuckt. Dat kann een op den diverse Videoe gesinn.

Änlech war d'Situatioun zu Conter, och nees an der Géigend vun enger grousser Bensinnsstatioun, wou e Rond-point genotzt gouf, fir am ëffentleche Verkéier den Auto am Drift ze beweegen.

Police konnt keng Verstéiss feststellen

Op Nofro hi bei der Police huet et geheescht, si wieren driwwer informéiert ginn, dass géint 00.20 Auer zu Conter an um 00.46 Auer zu Luerenzweiler Autoe gemellt goufen, déi geféierlech Fuermanöver géifen duerchféieren, respektiv do vill Kaméidi wier.

Et wieren dann och Policepatrullen op d'Plaz gefuer, fir dat ze iwwerpréiwen. Am Raum Luerenzweiler konnten deen Ament awer keng Autoe méi ugetraff ginn.

Zu Conter ware wuel nach e puer Autoen op engem Parking, respektiv op enger Bensinnsstatioun ugetraff ginn. Déi waren awer roueg an et konnte keng Verstéiss festgestallt ginn.

D'Police ass au courant, dass et alt emol op verschiddene Plazen am Land zu sougenannten "Tuning-Treffen" kënnt, sou z.B. op der Kockelscheier oder eben och zu Conter, wou dann och geziilt Kontrolle géife gemaach ginn.

Wat si méiglech Strofen?

Mir haten dann och bei der Police gefrot, mat wéi enge Strofen d'Automobiliste misste rechnen, wa se erwëscht gi bei sou Aktiounen. Dat kéint een op Basis vun engem Video net pauschal beäntwerten, ma dat misst ee Fall fir Fall eenzel kucken an dat misst vun de Beamte selwer op der Plaz festgestallt ginn.

Theoretesch kéint dat vun "Comportement susceptible de constituer une gêne ou un danger pour la circulation ou de causer un dommage" (49 Euro) iwwer aner Artikelen am Zesummenhang mam Fueren, bis hin zu technesche Verstéiss goen, de Fall gesat et wier eppes un den Autoe modifizéiert, wat net legal wier.