Sécherheet um FluchhafenPersonal gëtt méi staark kontrolléiert, vill Aarbecht fir d'Police

RTL Lëtzebuerg
Fir sämtlech Leit, déi um Fluchhafen schaffen, mécht d'Police eng ordinär Kontroll vun de kriminelle Virgeschichten.
Sécherheet um Fluchhafen
Fir sämtlech Leit, déi um Fluchhafen schaffen, mécht d'Police eng ordinär Kontroll vun de kriminelle Virgeschichten.

De leschte Freideg huet de Regierungsrot e Projet de loi ugeholl, deen déi sougenannten Antécédentskontrollen um Fluchhafen an Zukunft nei wäert reegelen.

Fluchhafen-Kontrollen/Reportage Joel Detaille

Concernéiert si sämtlech Leit déi um Findel schaffen, an déi Accès zum Sécherheetsberäich hunn.

Den Text wier op Basis vun engem europäeschen Exekutiouns-Reglement opgestallt ginn, a soll an den nächsten Deeg an der Chamber deposéiert ginn, huet den zoustännege Minister François Bausch e Méindeg de Moie confirméiert.

Den aktuelle System gëtt vu Grond op reforméiert. Fir sämtlech Leit, déi um Fluchhafen schaffen, mécht d'Police eng ordinär Kontroll vun den Antécédenten, also der krimineller Virgeschicht. Fir all d’Leit déi och Accès zum Sécherheetsberäich hunn, gëtt souguer eng verstäerkt Kontroll gemaach, déi all Joer muss widderholl ginn.

Dat geschitt op Basis vum zentrale Police-Fichier, an de Minister muss, am Fall wou, e Refus ausschwätzen, géint deen et eng Recours-Méiglechkeet gëtt.

"D’Haapt-Uleies ass et, d'Sécherheet vum Fluchhafen ze garantéieren, an dat am héchstméiglechste Mooss", sot et de François Bausch, dee sech elo vun der Chamber erwaart, dass een de Gesetzprojet wäert préiwen, an noutfalls nach verbesseren. Bis ewell hätt een bewosst just d’Minimum-Critèren déi d’EU virgëtt an den Text mat afléisse gelooss. Déi wieren awer schonn zimlech detailléiert, mä et wier un den Deputéierten, fir ze kucken op déi duer ginn.

Fir d’Police bedeit dat Ganzt iwwregens eng helle Wull u méi Aarbecht, well ëmmerhin eng 10.000 Leit a Fro kommen, iwwert déi esou Antécédentskontrolle muss gemaach ginn, iwwert déi allermeescht , wéi gesot, all Joer op en Neits.

Back to Top
CIM LOGO