Aus dem PolicebulletinPersoun an der Stad mat engem Messer gepickt

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend war eng Persoun um Lampertsbierg an der Stad mat engem Messer an de Réck gepickt ginn.

Déi 3 presuméiert Ugräifer sinn no der Attack mam Auto fortgefuer. Opgrond vun den Informatiounen, déi d’Police vun Zeie krut, konnt d’Gefier mat deenen 3 dran allerdéngs no kuerzer Zäit op enger Tankstell zu Hollerech gestoppt ginn.
Bei der uschléissender Kontroll gouf eng Waff séchergestallt an déi 3 Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl.

Iwwerdeems krut eng Persoun e Méindeg den Owend zu Diddeleng “Op der Haard” zwou Kette vum Hals gerappt. D’Police huet eng Enquête an d’Weeër geleet.

Schliisslech huet d’Police 2 Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn.

An der Nuecht op en Dënschdeg war enger Patrull vun der Police en Automobilist opgefall, dee géint d’Faartrichtung duerch d’Rue d’Epernay an der Stad gefuer ass an en Dënschdeg am fréie Moie war en Auto op der A7 an Direktioun Stad am Zickzack ënnerwee.

Back to Top
CIM LOGO