E Méindegowend zu DéifferdengPersoun mat Messer bedrot, presuméierten Täter festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Zu Déifferdeng koum et e Méindeg den Owend zu engem Tëschefall bei deem eng Persoun mat engem Messer bedrot gouf.
© RTL-Grafik

De presuméierten Täter gouf op der Plaz vun der Police gestallt an d’Messer gouf beschlagnaamt. Op Uerder vum Parquet gouf de presuméierten Täter festgeholl a kënnt en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO