
Op der Stater Gare gouf e Freideg de Moie géint 11.30 Auer eng Persoun vun engem Bus ugestouss. D'Ambulanz an de SAMU waren nach eng länger Zäit op der Plaz. Ronderëm d'Gare huet et zolidd staut, deelweis ass et hei kee Milimeter viru gaangen.
Kuerz no 12 Auer war den Accident geraumt an den Trafic huet sech nees berouegt.
Op der Plaz waren d'Ambulanz an den Asazzenter aus der Stad, grad ewéi de Samu.