
Op der Plaz am Asaz waren d’Pompjeeë vu Bettenduerf an d’Ambulanz vun der Nordstad.
Da mellt d’Police nach an Accident géint Hallefnuecht Freideg, well en Automobilist an der Avenue Kennedy um Kierchbierg an e Bam gerannt war. De Bam gouf ëmgerappt an ass op aner Gefierer gefall. De Chauffer hat ze vill gedronk an huet de Permis missten ofginn.
Zwou Stonne méi spéit ass en Automobilist de Poliziste beim Rond-point Schumann duerch säi Fuerstil opgefall. Och hien hat ze vill gedronk an huet de Permis missten ofginn.
Weider koum et um Freideg Mëtteg géint 15.10 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Gefierer op der A4 a Richtung Esch-Uelzecht. D’Pompjeeë vu Leideleng an aus der Stad souwéi de Rettungsdéngscht vu Suessem-Déifferdeng waren op der Plaz.
Grad ewéi zu Dikrech, gouf géint 15.15 Auer eng Persoun zu Esch an der Rue Romain Fandel ugestouss a blesséiert. Am Asaz waren d’Pompjeeën an de Rettungsdéngscht vun Esch.