De KloertextPerspektive fir Wirtschaft an Aarbechtsmaart: tëscht Geopolitik a KI

Caroline Mart
Dany Rasqué
Am Kader vun de geopolitesche Spannungen uechter d'Welt muss d'EU seng Kooperatiounen iwwerdenken.
© RTL Grafik

“Nostalgie ass keng Strategie”, sou de kanadesche Premier zu Davos, wa Groussmuechten d’Ekonomie als Waff asetzen, misst ee sech wieren an zesummendoen. Mat wiem? Nei Handelsaccorde si fir d’EU dacks Schwéiergebuerten. A wéi kënne si d’Ofhängegkeete vu China an den USA reduzéieren? Wat sinn d’Perspektive fir eng kleng oppe Wirtschaft wéi eis, déi manner wiisst? Erliewe mir grad eng Transitioun oder en Ëmbroch, net just geopolitesch, mee och technologesch duerch KI? Wéi musse Betriber, de Staat an all eenzelen domat ëmgoen?


Eis Invitéen:

Lex Delles

DP-Minister fir Wirtschaft, Energie a Mëttelstand, deen Energie op d’Nordsee an Talenter weltwäite siche geet

Isabelle Schlesser
Direktesch vun der Adem, déi vill Demandeuren ouni déi néideg Qualifikatioun huet, awer och méi Akademiker am Chômage

Yves Germaux

Huet am Finanz-, Aviatiouns- a Stolsecteur geschafft an ass lo bei der Fedil responsabel fir den Handel an déi international Relatiounen

Paul Schockmel

CEO vun IEE a Grënner vum Daachverband vun de Lëtzebuerger Autoszouliwwerer Ilea, déi eng 9.000 Leit beschäftegen

Sandra Schengen

Betriibspsychologin, responsabel fir d’Ressources humaines an de Personalmanagement bei der Spuerkeess

Back to Top
CIM LOGO