Si si géint d’Klappjuegd. Déi wier brutal, barbaresch. Esou d'Petitionäre vun der Petitioun 1156 e Freideg de Mëtteg an der Chamber, wou et no den 6.500 Signaturen zu enger ëffentlecher Debatt mat den Deputéierte koum.
Vill Déiere géife bei enger Klappjuegd net erschoss, mä ugeschoss ginn. Dat wier d’Déier onnéidege Qualen ausgesat. Datt d’Leit dobaussen, dat ähnlech gesinn, dat géif een duerch d’Sammlung vun Ënnerschrëfte gesinn, esou d’Politiker.
Déi awer och alt e bësse méi kritesch Froe gestallt hunn. Do virop d’Martine Hansen, déi gefrot huet, ob dann elo duerch d’Usetze bei enger normaler Juegd déi néideg Quantitéite Wëld geschoss géif ginn. Dorobber gouf et keng Äntwert. Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot wollt da wëssen, ob d’Petitionären den Avis vum MouvEco deelen, fir méi op Dréckjuegd ze setzen, an d’Klappjuegd op der Säit ze loossen. Doropshin hunn d’Petitionären geäntwert, datt si weder fir dat eent, nach dat anert wieren. Si wéilten professionell Jeeër vum Staat.
Et war keng animéiert Debatt, wat ee sech vläicht hätt kéinten erwaarden. Vill Fakte goufen och net beschwat. Dacks blouf et bei emotionellen Aussoen.
Als Motivatioun fir seng Initiativ huet de Petitionär Mike Clemens un e Virfall leschten November op der A7 erënnert, wou eng Rei Wëllschwäin op d'Autobunn gerode waren: „Glécklecherweis ass dobäi keen Accident mat engem Auto geschitt. Mä dat war bei Wäitem net déi eenzeg Kéier wou Déieren a Panik iwwert eng vill befuere Strooss wärend enger Klappjuegd gehetzt goufen. Wat geschitt wann en Auto mat 130 km/h en 90 Kilo schwéiert Wëllschwäin ze pake kritt, ka sech jiddereen hei wahrscheinlech selwer ausmolen. Am schlëmmste Fall hätte mir do Doudeger ze bekloen.“
Begleet gouf de Mike Clemens vum Daniel Frères, Spëtzekandidat fir d'Piratepartei bei de leschten Europawalen, a senger Funktioun als President vun der Organisatioun „Give Us A Voice“. Op eng Fro vu sengem Parteikolleg Marc Goergen huet hien erkläert, dass méi wéi 60 Prozent vun den Déieren, déi op enger Klappjuegd ugeschoss ginn, net direkt dout wieren an deels Deeg géife brauche fir ze stierwen. D'CSV-Deputéiert Martine Hansen huet doropshin no der Source vun där Zuel gefrot.
Den Daniel Frères: „Déi zwee Professere sinn op der Uni wou se Course ginn. Dat sinn och Biologen. Déi Häre gi selwer op d'Juegd. Déi hu just eng bëssi aner Astellung zu verschiddene Juegdmethoden, wou mir hei schwätzen dovunner. An déi hu mir dat bestätegt, déi hu mir dat gesot, datt eng Donkelziffer natierlech ass dat, wou ee plus minus wat ass, wat net ass. Et ass natierlech och schwéier erauszefannen.“
Sollt d'Klappjuegd effektiv ofgeschaaft ginn, missten d'Jeeër de Wëldbestand vum Héichsëtz erof reguléieren. Hei war dann och d'Fro, ob et iwwerhaapt méiglech wier fir op déi Manéier déi selwecht Zuelen u Wëld ze schéissen. Den Daniel Frères: „Wann ech da gesinn, déi Autoen, déi do stinn, déi op de Juegte stinn, an déi déck Gewierer, déi geholl ginn, fir do ze schéissen. Ech mengen déi Leit hunn och Zäit fir sech méi Zäit ze huele fir usetzen ze goen oder fir an der Nuecht ze maachen. Ob et elo bequem ass, ass vläicht eng aner Saach.“
Eng sachlech Äntwert gesäit anescht aus. Ma ganz Ofschafe wëll och de Petitionär d'Juegd awer net. De Mike Clemens: „Well kee Wollef do ass, deen dat dote kéint reguléieren, dofir komme mer do net 100-Prozenteg derlaanscht.“
Um Enn huet déi zoustänneg Ministesch Carole Dieschbourg erkläert, dass d'Politik misst fir déi néideg Akzeptanz vun der Juegd an der Gesellschaft suergen. Dofir wier d'Regierung och bereet eng Rei Mesuren ze huelen: „Dofir Dir gesitt eis duerchaus hei an enger Positioun wou mir soe Jo mir wëlle verbesseren a Jo mir hunn och schonn ugefaangen an dat souwuel am Beräich vun der Legislatioun iwwert e Waffegesetz, wéi awer och vun Decisiounen am Beräich Formatioun a mir wäerten och weider mat Verbesserunge fueren an déi Richtung.“
D'Conclusioun vun den Deputéierten um Enn vum Debat war kloer: D'Juegd a sech an och eng modifizéiert, méi douce Versioun vun der Klappjuegd solle bleiwen.
LINK: Wéinst der Schwéngspescht Den 2. Dag vun der grousser Juegd um Freideg