E Freideg war den zweeten a leschten Dag vun der sougenannter "Dréckjuegd" am Südweste vum Land. 150 Jeeër waren ouni Hënn am Asaz. Dobäi goufen awer just 2 Wëllschwäin erschoss. En Donneschdeg goufen der och just 5 geschoss an 2 Kadavere waren donieft nach fonnt ginn.
Am Kader vun der Lutte géint déi afrikanesch Schwéngspescht geet et drëm fir déi sougenannte Zone Blanche laanscht déi Belsch Grenz fräi vu Wëllschwäin ze maachen.
D'Déiere koumen op Mamer an de Centre de Collecte, wou Prouwe geholl ginn. D'Déieren déi en Donneschdeg geschoss a fonnt goufen, waren alleguerten negativ getest ginn. Et gouf also bis ewell nach kee Fall vu Schwéngspescht hei am Land. Bis e Méindeg sollen dann nach d'Resultater vun de Schwäin déi e Freideg geschoss goufen, gewosst sinn.
Artikel: Schwéngspescht - 100 Jeeër a 50 Kläpper u grousser Juegd de 4. a 5. Juli bedeelegt
RTL.lu: Iwwer 6.500 Ënnerschrëften Petitionären: Keng Klappjuegd, keng Dréckjuegd, mä professionell Jeeër