KrautmaartPetitioun 2061 iwwer Hëllef mam Kontext Maison-Relais ass elo duerch

RTL Lëtzebuerg
Eng weider Petitioun bei der Chamber huet a relativ kuerzer Zäit déi néideg Zuel un Ënnerschrëften erreecht fir een Debat um Krautmaart.

Bis um Freideg um 17 Auer hu 4.506 Leit d'Petitioun 2061 ënnerschriwwen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung fir déi Elteren freet, deenen hir Kanner net an eng Maison-Relais ginn mee all Dag doheem oder vun anere Familljemembere mëttes eppes z'iesse kréien.

D'Petitioun kann nach 21 Deeg laang ënnerschriwwe ginn a war eng Reaktioun op d'Annonce vum Premier Xavier Bettel an der Ried zur Lag vun der Natioun, datt Maison-Relaisen solle gratis ginn an d'Kanner deenen hir Elteren e klengt bis e mëttelt Akommes hunn, d'Iessen bezuelt kréien, an der Grondschoul an am Lycée.

Back to Top
CIM LOGO