
Den ëffentlechen Debat iwwert d’Petitioun ass fir e Mëttwoch de Moien um 10 Auer ugesat. D’Petitionärin kritiséiert, ënnert anerem, dass déi nei internationalen Gesondheetsvirschrëften, d’Fräiheet vun de Bierger géifen aschränken.
Um 14 Auer kënnt dann d’Plenière nees beieneen.
Do dominéiert eng Aktualitéitsstonn iwwert d’Liwwerkettegesetz, de sougenannten “devoir de vigilance”, also d’Responsabilitéit vun de Betriber a Saachen Nohaltegkeet, Respekt vun de Mënscherechter an den Aarbechts-Normen.
Déi Gréng interpelléieren d’Regierung dann iwwert de Stand vun der Inclusioun vu Kanner mat spezifesche Besoinen am nationale Schoulsystem.
D’ADR wëll da vum Educatiounsminister Detailer iwwert d’Digitaliséierungs-Strategie an de Klasse kréien.