Elo offiziellPetitioun vun der ULC muss an der Chamber diskutéiert ginn

Maxime Gillen
An den nächste Woche muss en ëffentlechen Debat an der Chamber organiséiert ginn, fir iwwert d'Fuerderung vun der ULC ze diskutéieren.

Et geet drëm, dass Bankfraise fir Basis-Operatiounen am Guichet solle méi gënschteg ginn. De Konsumenteschutz hat eng entspriechend Petitioun bei der Chamber agereecht. A bannent de virgeschriwwenen 42 Deeg si wäit méi wéi 4.500 Ënnerschrëften zesummekomm.

Konkret fuerdert d'ULC, dass d'Käschten, fir am Guichet Suen opzehiewen, e Virement ze maachen oder Suen op de Kont ze setzen, erëm däitlech erof ginn. Fir eeler Leit oder Mënsche mat Behënnerung sollen dës Fraise komplett ewechfalen.

An der zoustänneger Chamberskommissioun gouf den Dënschdeg de Mëtteg decidéiert, dass ee fir den ëffentlechen Debat net nëmmen de Finanzminister, ma och d'Ministesch fir Konsumenteschutz géif convoquéieren. En Datum fir dësen Debat muss elo mat allen Acteuren zesumme fonnt ginn.

D'Presidentin vun der Petitiounskommissioun, d'Nancy Kemp-Arendt huet betount: "Lo wäerte mir d'Petitionäre kontaktéieren. Mir hunn d'Ënnerschrëfte validéiert. Et sinn der gutt iwwer 5.000, dat sinn der jo wierklech eng Rei. An da kucke mir, fir mat hinnen en Datum ze fannen, wéini si eventuell Zäit hätten, fir an d'Chamber ze kommen. Mir hunn an der Kommissioun decidéiert, zwee Ministeren hei zu deem Thema ze ruffen, well mir der Meenung sinn, dass hei de Konsumenteschutz och mat betraff ass a selbstverständlech de Finanzminister an da gëtt selbstverständlech och gekuckt mam Chamberspresident, well deen och ëmmer dorop hält, mat derbäi ze sinn."

RTL-News: Nei Petitiounen - Iwwerstonne sammelen, gratis Waasser a Wanter- oder Summerzäit

Back to Top
CIM LOGO