Boergeld a medezineschen AccèsPetitiounen 2470 a 2504 kruten néideg Ënnerschrëfte fir ëffentlech Debatt

RTL Lëtzebuerg
D’Chamber huet e Mëttwoch de Mëtteg wësse gedoen, dass, nodeems d’Ënnerschrëfte validéiert goufen, zwou Petitioune wäerten ëffentlech debattéiert ginn.

5.092 Leit hunn d’Petitioun ënnerschriwwen, dass d’Bezuel-Recht mat Boergeld an der Verfassung sollt ageschriwwe ginn. 4.902 Signature goufe validéiert fir d’Petitioun, déi eng Verbesserung freet bei der Offer an dem Accès zu IRMen, Mammografien, Koloskopien a Scanneren.

En Datum fir déi zwee ëffentlech Debatten bleift nach ze fixéieren.

Back to Top
CIM LOGO